De Pacte Logement 2.0 ass en Neistart fir déi eng, eng Deadline fir déi aner. Vill Gemenge waren déi leschte Wochen nach an de Stress komm, fir hir Projete beim Ministère anzereechen, virun, datt déi nei Reglementatioun a Kraaft ass. Firwat?
Fir de Promoteur vum neie Pacte Logement un éischter Front, dem Logementsminister, ass d‘Zil kloer: Méi erschwéngleche Wunnraum an d‘Terraine besser a méi séier mobiliséieren. Mat der Versioun virdrun vum Pacte Logement sinn déi abordabel Wunnenge quasi um Marché verluergaangen. Dës Kéier soll dat net méi passéieren. Dofir gëtt et eng Obligatioun, datt déi Wunnenge mussen ofgetruede ginn.
Konkret: gëtt mam Pacte Logement 2.0 festgehalen, datt op d’mannst 15 Prozent vum Wunnraum un déi ëffentlech Hand muss goen, wann e gréissere PAP an enger Gemeng op den Instanzewee geet. „Dat bréngt mat sech, datt eng Dynamik an den ëffentleche Wunnengsbau kënnt. Et geet drëms, datt mer e Stock un ëffentleche Wunnengen usammelen, besonnesch an der Locatioun. Mir wëssen, datt besonnesch do de Besoin ganz grouss ass. Sou sollen an Zukunft 10 bis 15 Prozent vun de Wunnengen an ëffentlecher Hand leien.
Dat ganz leeft dann entweder iwwert d’Gemeng oder ëffentlech Institutiounen ewéi der SNHBM. Fir vill Gemengen awer war et elo nach eng Kéier eng Course géint d’Zäit, erkläert den Emile Eicher, President vum Syvicol. „Déi lescht Méint a Wochen war den Drock immens grouss, fir nach séier am Kader vun der aler Legislatioun nach Projeten duerchzekréien. Mä bis datt hei déi éischt Projeten ëmgesat ginn, wäert nach daueren. D‘Resultater si mëttel-, respektiv réischt laangfristeg ze gesinn.“
Esou zum Beispill och zu Nidderaanwen. Um Projet Katzenheck / op de Wolleken gëtt zanter 15 Joer geschafft. D‘Verpasse vun der Deadline hätt just weider Retard an de Bau vun iwwer 500 Wunnenge bruecht, seet de Jean Schiltz, Schäffen an der Gemeng. „Dat alles fir, datt mer net nees eng Kéier misste vu vir ufänken. Dat géif heeschen, mir missten eng ganz Prozedur neimaachen, en neie PAP maachen. Et si jo dann och Ännerungen un de Pläng. Dat géif eis ëm Joren zeréckgeheien. Dofir hu mer gekuckt, déi Projeten, déi op de Ligne droite waren, virum 19. an de Ministère eranzeschécken.“
Ma bis dat hei gebaut gëtt, dierften nach e puer Joer vergoen.
Fir vill Gemenge wier d‘Verpasse vun der Deadline eng Katastroph gewiescht. Well d’Ressourcen oder och den Knowhow feelen, seet den Emile Eicher „D‘Haaptsuerg bei de klengen a mëttelgrousse Gemengen ass, datt se et net packen, well se d’Kompetenzen net hunn. Mir kréien zwar Hëllef iwwert de Pacte Logement, wat extreem gutt ass. Den Inneministère huet eis och elo ugebueden, Formatiounen ze maachen. Dat geet net duer, fir eng Kéier ze maachen.“
D’Gemenge bréichten e konstanten Uspriechpartner, dee se kënne consultéieren, fir Retarden an Zukunft ze evitéieren, esou nach d’Opfuerderung vum Syvicol.