
Zu Dikrech verléiert d’LSAP 2 Sëtz an 10 Prozent vun de Stëmmen. Domat verléiert déi fréier rout Héichbuerg d’Majoritéit. D’CSV huet wéi d’LSAP 37 Prozent vun de Stëmme kritt. Béid Parteien hunn elo 5 Sëtz.
Grousse Changement zu Ettelbréck
D’LSAP gëtt zu Ettelbréck déi stäerkste Partei. Mat bal 36 Prozent vun de Stëmmen, iwwerhëlt si elo d’CSV vum aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf.
Zu Wolz huet d’LSAP ronderëm hire Buergermeeschter Frank Arndt ee Sëtz verluer. D’CSV gewënnt liicht bäi, an domat hu béid Parteien elo jeeweils 5 Sëtzer.
Zu Wëntger, der flächeméisseg gréisster Gemeng am Land, bleift d’CSV stäerkst Kraaft.
An der neier Proporz-Gemeng Réidengewënnt den Tom Faber. Op Plaz zwee kënnt den aktuelle Buergermeeschter Henri Gerekens, virum Danielle Arendt ép. Simon. Dräi Biergerlëschte waren zu Réiden ugetrueden an et koum am Virfeld zu zimmlech Diskussiounen, nodeems d’Lëscht “Réiden 23" de Wope vun der Gemeng Réiden am Walkampf benotzt hat... eppes war een awer net däerf. Just d’Gemeng däerf de Wopen notzen.
Och ëm d’Persoun Tom Faber gouf et vill Diskussiounen am Gemengerot. Hien hat sech aus dem Schäfferot ausgegrenzt gefillt. Den Henri Gerekens hat dorop gekontert, dass en einfach méi dacks hätt sollen an d’Sëtzunge kommen.
Elo ass den Tom Faber Beschgewielten zu Réiden... deemno dierft et hei och an Zukunft animéiert Diskussioune ginn.
Klickt hei, fir op den RTL-Walsite mam Liveticker an all de Resultater ze kommen