Et trieden 3 Biergerlëschten un. Déi maachen och Reklamm fir sech, eng huet sech hei awer ee Lapsus geleescht. Ma et rumouert nach op enger anerer Front.

Den 11. Juni sinn zu Lëtzebuerg Gemengewalen. Réiden wiesselt dëst Joer vum Majorz- an de Proporzsystem an d'Zuel vun de Gemengeconseillere geet vun 9 op 11 erop. Et trieden 3 Biergerlëschten un, zwou kompletter an eng mat 6 Kandidaten. Natierlech maachen déi verschidde Lëschten och Reklamm fir sech, ma eng huet sech hei awer ee Lapsus geleescht.

An zwar d'Lëscht "Réiden 23" ronderëm den aktuelle Buergermeeschter Henri Gerekens. Op der éischter Gruppefoto ass nämlech nieft dem Slogan "No beim Bierger" de Wope vun der Gemeng Réiden ze gesinn. Verschidde Kandidaten haten och Portraitsfotoe vu sech mam Wopen op hire jeeweilege Facebook-Profiller verëffentlecht. Dat war enger Persoun opgefall, déi doropshin am soziale Netzwierk d'Fro an de Raum geworf huet, ob dat erlaabt ass. Dat ass et net, well just d'Gemeng d'Recht huet, de Wopen ze benotzen, respektiv de Gebrauch ze erlaben. Op Nofro hin erkläert den Henri Gerekens, datt een awer keng Hannergedanke beim Notze vum Wopen hat.

"Wat soll ech do soen?  Et war keng béis Absicht, also et hat kee sech eppes derbäi geduecht, fir sech do ze beräicheren um Gemengewopen, fir do méi Stëmmen ze kréien. Mir hunn einfach gemengt, et géif gutt ausgesinn an et hat mol kee sech richteg Gedanke gemaach wéi erlaabt a wéi net erlaabt, datt et wier. Et ass och lo kee Wope méi op de Fotoen, mir hunn där ganzer Saach Rechnung gedroen. Wa mer et gewosst hätten, hätte mer et mol guer net lancéiert."

Aner Lëschte leeë sech net aus der Fënster

Déi politesch Konkurrenz hält sech éischter bedeckt. Vun der Lëscht "En neien Dynamesche Wand fir Réiden" wollt sech keen äusseren. Et wéilt een eng gerecht a fair Wal ouni Spekulatiounen. Wann et Irregularitéite sollt ginn, kéinten aner Instanzen dat besser kommentéieren an Decisiounen huelen. Änlech gesäit een dat bei der Lëscht "Engagéiert Bierger fir d'Gemeng Réiden". Den Tom Faber, aktuell zweete Schäffen, gëtt awer ze bedenken, datt ee bei "Réiden 23" och anescht hätt kéinte virgoen.

Walkampf mam Wopen: Zu Réiden suergen net nëmme Fotoe fir Irritatiounen

"Jo, also u sech ass et jo ubruecht, géing ech lo mol mengen, wann ee Wope sollt gebraucht gi vun enger Gemeng, datt vläicht mol misst eng schrëftlech Demande an d'Gemeng rakommen. An dann ass et un der Gemeng fir ze decidéieren, ob se deen da fräigëtt fir ee gewëssen Zweck oder net."

Den Inneministère confirméiert op Nofro hin, datt effektiv just d'Gemeng hire Wopen notzen duerf. Aktiv wéilt de Ministère awer net ginn, well et eben der Gemeng hire Wopen ass. Déi dierft wuel éischter och net aktiv ginn, sinn dach nieft dem Buergermeeschter nach den éischte Schäffe Luc Pauly a véier Conseilleren op der Lëscht "Réiden 23", déi de Wope jo lo och net méi benotzt.

Zanter 6 Joer schlecht Stëmmung am Schäfferot

An der Gemeng Réiden ass d'Stëmmung um politeschen Niveau scho länger schlecht. Wann een dem Henri Gerekens gleewen däerf, am Schäfferot schonn zanter deene leschte Walen am Joer 2017. Den Tom Faber wier, obwuel en déi drëttmeeschte Stëmme krut, gäre Buergermeeschter oder op mannst éischte Schäffe ginn, ma et hätt ee sech un d'Walresultat gehalen.

Datt d'Stëmmung am Gremium net déi beschten ass a war, confirméiert den Tom Faber. Hie fillt sech vu senge "Kolleegen" aus dem Schäfferot ausgegrenzt, dacks wiere seng Virschléi ignoréiert ginn an hien hätt hie keng oder keng zefriddestellend Äntwerten op Froe kritt. Den Henri Gerekens kontert, den Tom Faber hätt guer net sou vill Froe stelle missen, wann e méi oft an d'Sëtzunge vum Schäfferot komm wier. Datt hien op mannst an engem Syndikat 10 vu 15 Sëtzunge verpasst huet, begrënnt den Tom Faber domat, datt dacks zäitgläich Sëtzunge vum Office régional du tourisme Guttland, wou hie Grënnungsmember war,  ugesat goufen. Zudeem hätten hie a seng Fra deels gesondheetlech Problemer gehat.

Eskaléiert ass d'Situatioun den 31. Januar. An enger Gemengerotssëtzung à huis clos krut den Tom Faber all seng Posten an enger Rëtsch Syndikater an ASBLen ofgeholl. Dem Tom Faber no gouf dat domat begrënnt, datt hien an deene verschiddene Gremien net present genuch gewiescht wier. Ma et kann een awer op mannst d'Fro stellen, ob dee wierkleche Grond net op enger anerer Plaz ze sichen ass.

Virworf vu Cavalier seul

An der Gemengerotssëtzung vum 12. Januar hat den Henri Gerekens dem Tom Faber virgehäit, deem restleche Schäfferot an de Réck gefall ze sinn. Dat, andeems hie Kontakt mat enger Famill opgeholl hätt, där d'Gemeng een Terrain ofkafe wollt, fir ee Projet bei der Märei respektiv der Primärschoul ze realiséieren. De Wäert vum Terrain war vun engem agreéierte Bureau evaluéiert ginn. De Virworf un d'Adress vum Tom Faber: Hie soll op eege Fauscht bei d'Leit gaange sinn an hinnen erkläert hunn, datt den Terrain méi wäert wier. Si sollte besser bis no den nächste Gemengewale waarden, äert se eng Decisioun huelen. Dat wier de Buergermeeschter méi spéit vum Proprietär gewuer ginn.

Den Tom Faber behaapt,  hie wier guer net an d'Planung vum Projet, fir deem seng Realiséierung den Terrain kaaft soll ginn, agebonne ginn. Hien hätt an där Sëtzung dann och net bestridden, bei d'Famill gaangen ze sinn fir Informatiounen ze kréien, zu deenen anere Reprochen hätt en awer keng Äntwert drop ginn. Vun där Sëtzung existéieren zwee Procès verbauxen. An engem, deen net vum Tom Faber ënnerschriwwen ass, steet awer, datt hien d'Reprochen zouginn hätt. Doropshin hat säin Affekot Ufank Februar annoncéiert, datt ee Plainte géint d'Gemeng maache wäert, sollt dee Procès verbal publizéiert ginn. Dat ass awer lo am Kropemann, dem Réidener Gemengebuet, geschitt. Op et da lo effektiv zu enger Plainte komme wäert, dat wëllt den Tom Faber aktuell weder confirméieren nach ausschléissen. Hie wier mat sengem Affekot a Kontakt.

Vis-à-vis vun RTL erkläert den Tom Faber, de Proprietär hätt him vu sech aus gesot, datt hie mat der Estimatioun vum Terrain net zefridde wier. Wat d'Walen ugeet, hätt hien dem Mann Folgendes gesot:
"Et si geschwë Walen, am Moment funktionéiert d'Gemeng zu 8 amplaz zu 9. Mir gi vum Majorzsystem, gi mer an de Proporzsystem, da sëtze mer zu 11 do. Do komme vläicht nei Leit derbäi, et kommen och vläicht nach aner Iddien op. Net, datt do vläicht eppes ugefaange gëtt, wat net méi ka réckgängeg gemaach ginn."

Zukunft vun der Primärschoul am Zentrum vum Sträit

Ma ëm wat fir ee Projet geet et iwwerhaapt an där Affär? D'Gemeng wëllt den Terrain kafen, fir do ee Busquaie fir d'Primärschoul ze realiséieren. Den Tom Faber stéiert sech drun, datt doduerch 14 Parkplaze verluer géinge goen, dobäi wier et lo scho schwéier am Zentrum vu Réiden eng Parkplaz ze fannen. Hie plädéiert derfir, eng nei Primärschoul op enger anerer Plaz ze bauen. Dat aktuellt Gebai hätt méi wéi 50 Joer a géing den aktuelle Standarden net méi entspriechen. Och wier d'Verkéierssituatioun op där haiteger Plaz ze geféierlech, well d'Kanner fir bei d'Maison relais iwwert d'Strooss goe mussen. Scho virun 10 Joer wieren hei 10.000 Autoe pro Dag gezielt ginn. A well Réiden ee Centre de développement et d'attraction régional ass, géing d'Populatioun weider wuessen. An deenen nächste 7 bis 8 Joer kéinten tëscht 700 an 1.000 Awunner bäikommen.

Vun deene Pläng hält den Henri Gerekens iwwerdeems guer näischt. D'Gemeng hätt einfach net genuch Sue, fir ee komplett neit Gebai ze bauen.
"Ween eppes anescht seet, dee seet d'Wouerecht net oder e kennt de Budget net", esou de Buergermeeschter.

Een neie Schoulkomplex fir ronn 500 Kanner, zu deem dann och eng Maison relais an ee Schoulhaff, de grouss genuch ass, gehéiere missten, géing nämlech op d'mannst 50 Milliounen Euro kaschten. En plus hätt d'Gemeng am PAG och guer keen Terrain, fir esou ee Projet ze realiséieren. Hie setzt op eng phaseweis Renovatioun an en Ausbau vum bestoende Gebai fir ongeféier 300 Kanner. Zudeem soll am Parc Worré eng Struktur, an déi 2 bestoend Gebaier agebonne kéinte ginn, entstoen. Dat fir ronn 200 Schüler aus dem Precoce an dem C1, och eng Maison relais géing an de Projet integréiert. Dofir misst d'Zone Parc allerdéngs ëmklasséiert ginn. Dee ganze Projet soll ronn 20 Milliounen Euro kaschten. Wat de Verkéier ugeet, setzt de Henri Gerekens op Entlaaschtung duerch déi geplangten Ëmgeeungsstrooss.

Op méiglech Koalitiounen no de Walen ugeschwat, wëllen esouwuel den Henri Gerekens wéi den Tom Faber näischt ausschléissen. Et misst ee keng gutt Kolleege sinn, fir zesumme fir d'Wuel vun der Gemeng ze schaffen, mengt den Tom Faber. Den Henri Gerekens léisst iwwerdeems duerchblécken, datt hien dervun ausgeet, datt, sollt "Réiden 23" net déi absolut Majoritéit kréien, déi aner 2 Lëschten eng Koalitioun agoe wäerten. Ma wéi d'Kräfteverhältnisser nom 11. Juni ausgesi wäerten, dat entscheet bekanntlech de Wieler.