Op der sechster Editioun vun der Infobourse „Deng Zukunft – däi Wee” konnte Jugendlecher an hir Eltere Froen zu all méigleche Secteure stellen.
Den Undrang e Mëttwoch um Belval Plaza war grouss. D’Motivatioun bei de Jonken, fir 2022 eppes ëmzerappen, huet ee gespuert. Wou soss e puer honnert Leit hir Informatioune siche kommen, waren et der e Mëttwoch bal 2.000, erkläert d’Isabelle Mariutto vum Service National de la Jeunesse: „Mir mierken ëmmer erëm, datt vill Jonker an och Elteren net wëssen, wat grad an der Beruffswelt geschitt. Et huet sech iwwert déi lescht Jore vill verännert. Dofir ass déi Sensibiliséierung an d’Informatioun, wat et fir Beruffer ginn a wat d’Méiglechkeeten an der Karriär sinn, ganz wichteg.”

Och d’Wichtegkeet vu sëllege Beruffer gouf an de Fokus gestallt; sou war och de Verband vun de Hiewanen op der Plaz. Aktuell schléisse just 5 Persounen d’Joer d’Formatioun zu Lëtzebuerg of. „Mir hunn e Mangel u Personal. Dat ass evident. Mir rekrutéieren immens vill aus der Belsch a Frankräich. Mir wiere frou, wa méi Schüler zu Lëtzebuerg mat hirer Formatioun fäerdeg ginn”, sou d’Nadine Barthel, Verband vun den Hiewanen.
Och ausserhalb vun der Beruffswelt probéieren déi Jonk nees méi interaktiv ze ginn. D’Jugendhaiser waren déi lescht Méint eidel. Ma dofir gëtt dobausse geschafft, betount d’Tess Malano vun Outreach Youth Work Diddeleng: „Mir hu virun 2 Wochen elo e Projet ugefaangen, fir deen eng Mauer preparéiert gouf, fir fräie Graffiti ze maachen. Et heescht, et ass erlaabt, op der Mauer Graffiti ze maachen. Déi Jonk hunn do och d’Méiglechkeet, sech am Jugendhaus do d’Faarwen auszeléinen. Mä se kënnen och ufroen, datt mir gezillt mat hinne fir eng Aktivitéit dorobber ginn.”

Ma och d’Benevole-Aarbecht, déi iwwert déi lescht 2 Joer quasi ganz ausgebremst gouf, ass nees am Opschwong, ënnersträicht d’Isabelle Mariutto vum SNJ: „Et war natierlech iwwert déi lescht 24 Méint e bësse méi schwiereg. Mä mir mierken, datt Demande nees unzitt, och de Wëllen an d’Ausland ze goen. Mir hu ganz vill Jonker, déi deelweis nach net wëssen, wat se solle maachen oder wéi se sech wëllen orientéieren. Dann ass de Benevolat eng flott Oflenkung, respektiv eng Iddi, fir an eng nächst Phas ze starten.”
De Succès vun dëser Editioun soll d’nächst Joer widderholl ginn, well Kontakter goufe sëlleger geknëppt.