Dobäi waren d’Pensiounen an d’Steieren d’Haaptsujeten. Mee och Privatiséierunge vum ëffentleche Secteur. Dofir sot de Generalsekretär Steve Heiliger direkt um Ufank:
“Mir als CGFP wäerten eis mat aller Determinatioun géint all Privatiséierungtsversich vun ëffentlechen Déngschtleeschtunge wieren. Mir sinn houfreg op eise Statut a wäerten en, wann et dann noutwendeg ass, mat alle Moyene verdeedegen an zwar bis ganz zum Schluss!”
De Generalsekretär huet nach emol kritiséiert, datt d’Pensiounen an der Walcampagne net genuch thematiséiert gi wären.
“A grad dat gouf dann op eemol d’Haaptthema – eng politesch Onéierlechkeet.”
Hien huet och kritiséiert, wéi d’Diskussiounen an de Sozialronnen ofgelaf sinn, wou verschidde Pisten direkt ausgeschloss gi wieren. Zum Beispill déi, fir de Plafond cotisable am Privatsecteur opzehiewen.
“Wier et net un der Zäit, och d’Grousskapital an d’Responsabilitéit ze huelen? Et géife jiddefalls Piste genuch ginn, dat bedeit natierlech politesche Courage – an da bräichte mer eis länger Zäit keng Gedanken iwwert d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem ze maachen!”
D’Staatsbeamtegewerkschaft ass och dogéint, datt déi privat Zousazversécherunge solle méi wichteg ginn.
“Mir als CGFP jiddefalls triede mat aller Determinatioun fir eng Stäerkung vum éischte Pilier an. An net, dass hei och nach Privatboîtten, déi scho grouss Pub maachen, och nach Kapital aus deem Ganze sollen zéien.”
De Steve Heiliger huet och gewarnt, déi elo beschlosse Mesuren wier just den éischte Schrëtt um Wee zu enger méi fundamentaler Pensiounsreform. No der Experienz vun de Sozialronne gouf de Finanzminister Gilles Roth ëmsou méi gelueft, fir d’Virbereedung vun der Steierreform. Ma trotz allem Luef geet der CGFP déi geplangten Iwwergangszäit vu 25 Joer fir Koppelen aus der Steierklass 2 net duer. Mee a Punkto Steiere bleift d’Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun d’Haaptfuerderung.
“Do bleift awer nach Loft no uewen, Stéchwuert: kal Progressioun. An da soll déi Tabell eiser Meenung no an Zukunft automatesch un d’Inflatioun ugepasst ginn, an zwar all Kéier, wann eng Index-Tranche erfält, fir sou d’Stäerkung vun der Kafkraaft dauerhaft sécherzestellen. Alles Anescht kéim verstoppte Steiererhéijunge gläich – an dat kann et net sinn”
De Generalsekretär vun der CGFP huet net mat Kritik un der CSV-Ministerin Martine Deprez gespuert. Dat net just wéinst de Pensiounen, mee och wéinst dem Santésdossier. Do leien der CGFP d’Schafung vun der Medikamentenagence an der Akafs- a Logistikzentral um Mo, wou e privatrechtleche Recrutement soll kommen, fir héichqualifizéiertem Personal kënne méi héich Paien ze bezuelen. Et wier inadmissibel, datt staatlech Missiounen iwwer dee Wee privatiséiert géifen.
“Well: Komm, mir maachen eis näischt vir: Déi schrëttweis Privatiséierung wäert à long terme zu enger Zwee-Klasse-Medezin féieren.”
D’CGFP hätt awer nach ëmmer dofir plädéiert, datt all Bierger en Accès zu de beschtméigleche medezinesche Soine géing kréien.
D’Martine Deprez an de Luc Frieden waren awer net déi eenzeg Minister, déi Kritik vun der CGFP kruten. D’Staatsbeamtegewerkschaft ass der Meenung, de Claude Meisch hätt de Projet Alpha fir d’Alphabetiséierung op Franséisch missen op d’Personal lauschteren, dat sech freet, wou Klassesäll an d’Leit sollen hierkommen.