Also ze verfollegen, wou d'Leit sech ugestach hunn an och fir d'Kontakter vun enger infizéierter Persounen kënnen ze retracéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt de sougenannten Tracing den Ament analog gemaach, dat bedeit, dass d'Leit, déi positiv getest goufen, ugeruff ginn, an an engem Interview uginn, mat wiem si alles Kontakt haten.
Eng sougenannten Tracing-App kéint hëllefen, dat vill méi séier ze maachen, also méi Fäll ze retracéieren. Ma hei ginn et awer eng Partie Diskussiounen. D'Monica Camposeo huet sech e Beispill aus dem Ausland ugekuckt a sech e Fuerschungsprojet aus dem Grand-Duché erkläre gelooss. Singapur huet scho ganz fréi esou eng Tracing-App agesat. An op enger änlecher Technologie baséiert och d'App, déi viru kuerzem an Australien lancéiert gouf. D'Benotzung ass fräiwëlleg an anonym. Wien d'App awer installéiert, muss eng Telefonsnummer, eng Altersklass an eng Postleitzuel uginn. D'Date ginn op engem Server an Australien gespäichert an no 21 Deeg geläscht.
D'Informatioune ginn un ausgewielte Mataarbechter vum Gesondheetsministère geleet. Gëtt eng Persoun positiv getest, ginn déi Leit, déi Kontakt mam Infizéierten haten, vun den Autoritéite gewarnt oder opgeruff, sech testen ze loossen. Fir de beschte Modell fir Lëtzebuerg ze fannen, ginn den Ament esou Iddien an aner Alternative vu Fuerschungsgruppen analyséiert. Wichteg wier dobäi natierlech den Dateschutz.
"Eng Méiglechkeet wier, dass déi lëtzebuergesch App och zu Lëtzebuerg kontrolléiert gëtt, zum Beispill vun den Autoritéite vun der Santé. Et misst een awer d'Méiglechkeet hunn, d'Informatiounen och mat den Nopeschlänner auszetauschen. Mä esou eng Méiglechkeet schéngt fir mech plausibel. Mä mir mussen eis d'Detailer natierlech genee ukucken an dat ass jo och d'Zil vun eisem Fuerschungsprojet.", erkläert de Prof. Dr. Peter Y. A. Ryan, de Leeder vum Fuerschungsprojet "SmartExit".
Elo am Deconfinement hunn d'Leit zwangsleefeg mat méi Persoune Kontakt. Fir méiglech Kontakter nodréiglech kënnen ze retracéieren, misst awer och d'Majoritéit vun der Gesellschaft matmaachen.
"D'Leit mussen d'App och unhuelen. Do stellt sech och d'Fro, wéi vill Leit e Smartphone hunn, wéi vill Leit bereet sinn, d'App erofzelueden an de Bluetooth unzemaachen. An dat ass natierlech och de Grond, wisou mir eis onbedéngt musse Gedanke maachen ëm den Dateschutz. Fir dass vill Leit matmaachen, muss ee sech mat der App och wuelfillen.", esou nach de Prof. Dr. Peter Y. A. Ryan.
Et stinn nach vill Froen op. Virun allem misst den Dateschutz och fir d'Zäit no der Pandemie kënne garantéiert ginn, betount de Peter Ryan weider.
"Mir mussen eng Léisung fannen, déi d'Effizienz maximiséiert an den Impakt op den Dateschutz miniméiert. An dat kuerzfristeg, mä natierlech och laangfristeg."
Ma dofir misst awer nach eng Zäitche gefuerscht ginn.
