Perfekt Grillwieder!Vill Sonn an Temperaturen ëm 20 Grad iwwer de Weekend

RTL Lëtzebuerg
No deem ville Reen, Donnerwieder a groen Himmel déi lescht Deeg, wäert sech de Weekend iwwer d'Sonn nees blécke loossen.

E Mëttwoch bleift d'Wieder onbestänneg: Bis an de fréien Nomëtteg ass mat Reen a Schaueren ze rechnen, am Norde vum Land kënnen och vereenzelt Donnerwieder duerchzéien. Dat Ganzt bei 10 bis 15 Grad.

En Donneschdeg zéie kompakt Wolleken duerch, et wäert gréisstendeels dréche sinn an d'Temperature leie bei maximal 17 Grad. Vereenzelt Schauere sinn a Richtung Ardenne méiglech.

Sonneg a frëndlech viru geet et e Freideg bei d'Temperature ronderëm 20 Grad. Och de Weekend iwwer steet vill Sonn um Programm an Temperaturen tëscht 20 an 22 Grad.

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?

Back to Top
CIM LOGO