D'Landwirtschaft an de ReenVill Waasser op de Stécker mécht de Baueren d'Liewe schwéier

Diana Hoffmann
Lynn Cruchten
Esou vill wéi et an de leschte Wochen a Méint gereent huet, ass esouguer hei am Land seelen.
Reen vs. Baueren
Nach ass et ze fréi, fir iwwer finanziell Suitten ze schwätzen, ma de Reen an de leschte Wochen a Méint huet seng Spueren hannerlooss.

Duerch de ville Ree waren d’Felder ze naass fir drop ze schaffen, et gi Retarde beim Séien an et konnt net geméit ginn. D’Béischten hunn iwwerdeems deels nach missen am Stall bleiwen. Ausserdeem kommen duerch d’Fiichtegkeet Pilzkrankheeten op, sou dass fir d’Recolte mat Abousse gerechent gëtt.

En éischte Bilan

Jee no Bauer, sinn d’Problemer mam ville Reen ënnerschiddlech. Den Uebst- a Geméisbauer Jean-Claude Muller seet, d’Biedem wiere saturéiert. Dowéinst wieren d’Stécker just schlecht ze befueren, eng mechanesch Onkrautbekämpfung wier bal onméiglech. Et misst een elo kucken, wat ze retten ass.

“Mir hu verschidde Kulturen, déi hunn et plus minus gutt iwwerstanen, déi méi spéit an de Buedem komm sinn, wéi d’Gromperen zum Beispill. Do gesäit et nach ganz gutt aus. Bei der Zalot ass dat och nach plus minus ok, awer et sinn aner Kulturen, déi awer gelidden hunn an déi dann héchstwarscheinlech en Totalausfall, oder op d’mannst op verschiddene Flächen en Totalausfall wäerte sinn.”

Och fir d’Bauer, déi Déieren halen, ass d’Situatioun den Ament keng einfach, erkläert de Ben Majerus, deem seng Kéi u sech vum 1. Abrëll bis den 1. November dobausse sinn.

“Et ass éischtens, wa mer se eranhuelen, heescht Aarbecht. Zweemol den Dag fidderen, dat heescht Stréi. Dat heescht mir musse Fudder notzen, wat eigentlech fir de Wanter geduecht ass. Notze mer elo schonn. Fir mäi Betrib hate mer elo net dee grousse Rendement am Stréi. Dat heescht, mir hu misste Stréi bäikafen, wat och rëm Käschte sinn. Dat si lo mol déi direkt Käschten.”

Indirekt Käschte géingen dann doduerch entstoen, dass d’Wisen deelweis futti wieren a missten ëmgeplout ginn, fir se nei unzeséinen. Anerersäits geet d’Recolte och däitlech méi lues, well d’Traktere selwer deemno wéi méi Schlecht, wéi Recht maachen. Esou gëtt geschafft wéi fréier, mat den Hänn. Op engem Feld kritt ee mat 3 Mann esou ronn 700 Kalbasse pro Stonn ugeplanzt.

Am Resumé huet d’Saison also fir vill Bauere schlecht ugefaangen. Iwwert de finanzielle Verloscht kéint een awer nach net schwätzen, seet de President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn.

“Ech denken dat ass eppes, wat sech méi laangwiereg iwwert d’Joer zitt. An dat hänkt elo vum Rescht vum Joer of. Et seet jo nach keen, dass et en naasst Joer gëtt. Et kann nach ëmmer en dréchent ginn. Dat wier da genau de Pendant dozou. Mä ech denken, d’Wanterfriichte sti gréisstendeels gutt do. Wann een déi elo dréche ka raféieren, ass dat am Akerbau, denken ech, awer och e positive Punkt.”

De Moment gesinn d’Wiederprevisioune jo emol gutt aus, soudatt d’Baueren nees kënnen a vollem Ëmfang hirer Aarbecht nogoen. De Christian Hahn seet, dass elo, wou et gutt dobaussen ass, misst esou vill wéi méiglech geschafft ginn. Dofir biet hien och d’Bevëlkerung ëm Versteesdemech, wa weekends oder owes nach méi laang géing geschafft ginn.

Reen an der Landwirtschaft / Reportage Diana Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO