
Aktuell si 84 Persounen hospitaliséiert, dovunner 31 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.167 aktiv Infektiounen. 65.460 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze goufe bis ewell 241.270 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.