Coronavirus zu LëtzebuergVu 5.475 Tester waren der 50 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 824 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell si 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 726.230 Impf-Dosisse genotzt. 503 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 2.675 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,86. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO