
Aktuell si 18 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien den Ament 3 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.291.975 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 299 waren ergänzend Dosen, wärend 6 Leit eng zweet Dosis kruten a fir zwou Persoune war et déi alleréischt Impfung.
D’Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.