Coronavirus zu LëtzebuergVun 8.841 Tester waren 90 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 812 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell si 34 Persounen hospitaliséiert, dovunner 17 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.233 aktiv Infektiounen. 67.634 Persoune gëllen als geheelt.

An de leschte 24 Stonne goufen 1.259 Leit eng éischte Kéier an 892 Leit eng zweete Kéier geimpft. Am Ganze goufe bis ewell 324.903 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,74. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO