
Aktuell sinn 84 Persounen hospitaliséiert, dovunner 30 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.206 aktiv Infektiounen. 65.736 Persoune gëllen als geheelt.
3.854 Mënsche kruten e Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 3.332 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 255.678 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.