Nach sinn d’Temperaturen an den héije Plusgraden an awer fänken d’Preparatiounen um Terrain fir d’Leit an Nout nees un. E Wanter, deen och riskéiert nei Clienten op d’Strooss ze bréngen, esou och Médecins du Monde. Eng Organisatioun, déi de Sans-abrie gratis medezinesch Betreiung ubitt.
Et géif ee probéieren, d’Leit dozou z’initiéieren an en Hebergement d’Urgence ze goen. Ma leider klappt dat net ëmmer, esou d’Assistante sociale vum MM, Julie Schonne: “Vill vun deene Leit wëllen a Rou schlofen. A mam ëffentlechen Transport, dee gratis ass, profitéieren ëmmer méi concernéiert Leit dovunner, aus der Stad eraus ze goen an an déi kleng Dierfer, respektiv an d’Bëscher schlofen ze goen an do hir Rou ze fannen.”
Ewéi vill aner Strukture fäert och Médecins du Monde, datt d’Zuel u Clienten iwwert d’Wanterméint klamme kéint. Elo scho géif een eng Rei nei Gesichter op der Strooss begéinen. D’Wanteraktioun hëlleft hei just bedéngt, esou d’Julie Schonne: “Déi geet och réischt den 1. Dezember op. Déi ass vum 1. Dezember bis den 31. Mäerz. Mee et ass awer och schonn dacks ganz kal am Oktober oder November. An den Ament si souwisou méi Leit do, déi e Bett an engem Hebergement d’Urgence bréichten ewéi Better do sinn.”
Fir Komplikatiounen duerch d’Keelt aus dem Wee ze goen, probéiert ee bei der medezinescher Struktur alt anescht ze hëllefen - mat Wantermäntel. Et kann een e relativ kompakt zesummefalen. Ausernee gefaalt huet een ënnen attachéiert en Deel Schlofsak fir d’Been, erkläert d’Assistante sociale, déi zanter 2017 bei Médecins du Monde ass. “Dee kann ee mat engem Ritschratsch lassmaachen an Daagsiwwer verstauen an Nuets mat der Jackett als komplette Schlofsak kombinéieren.”
Eng Dose vun dëse Mäntel ginn iwwert de Wanter verlount an duerch Done finanzéieren. D’Mäntel, respektiv d’Schlofsäck, kommen aus den USA aus engem Projet solidaire a gi vu Leit, déi op der Strooss gelieft hunn, designed a fabrizéiert.
Aktuell Zuelen, wéi vill Leit zu Lëtzebuerg op der Strooss iwwernuechten, ginn et keng. E Mëttwoch gëtt mat engem Comptage vum Familljeministère a lokale Streetworker an der Stad probéiert, d’Situatioun ze erfaassen. Et ass déi éischt offiziell Zielung.