Stad LëtzebuergWaasserversuergung qualitativ ewéi och quantitativ verbesseren

RTL Lëtzebuerg
Een Dag virum Internationale Waasserdag huet d'Stater Gemeng e Méindeg iwwert d'Alimentatioun mat Drénkwaasser a vun der Kanalisatioun de Bilan gezunn.
Waasserversuergung an der Stad Lëtzebuerg
Een Dag virum Internationale Waasserdag huet d’Stater Gemeng e Méindeg iwwert d’Alimentatioun mat Drénkwaasser a vun der Kanalisatioun de Bilan gezunn.

Am grousse Ganze fält dëse positiv aus. De Waasserverbrauch ass net eropgaangen an dat, obwuel d’Awunnerzuelen zanter Jore klammen. Zil ass et, an nächster Zäit d’Versuergung souwuel qualitativ ewéi och quantitativ ze verbesseren.

An de leschten 10 Joer ass de globale Waasserverbrauch um Stater Gebitt nëmmen ëm minimal 0,1% eropgaangen. Dëst wier ënner anerem, well Fuitten am Reseau gefléckt gi sinn. Ma awer och duerch d’Sensibiliséierung vun de Leit, dass Waasser eng knapp Ressource ass an net dierf verbëtzt ginn.
Dozou d’Stater Schäffen Simone Beissel: “Et muss een ëmmer drop oppassen, dass een dat net dierf verbëtzen. An dass ee soll mathëllefen. An net de Krunn stonnelaang lafe loossen an net dauernd d’Buedbidde fëllen, amplaz duschen, wou immens vill Litere fortginn. Dann hu mer vum Staat d’Initiativ vum Drëpsi, wou all Mënsch Präisser kritt, wann en et fäerdeg bréngt, fir d’Waasser ze soignéieren.”

Eng wichteg Aufgab wier et, d’Qualitéit vum Krunnewaasser sécherzestellen. Trotzdeem géingen et ëmmer nach Leit ginn, déi Zweiwel dorunner hätten: “Do sinn der verschiddener, déi wëllen awer ëmmer nach Fläschewaasser. Ech kann Iech soen, mat deenen 2865 Prouwen, déi mir maachen, vill méi, wéi mir missten, hu mir eng Waasserqualitéit, ech wëll lo do net Evian oder Vittel attackéieren, mee ech kéint mir virstellen, dass hir Qualitéit net onbedéngt besser ass, well ech weess, dass mir do ganz streng sinn.”

Speziell Aktiv-Kuel-Filtere sollen e Groussdeel vu Pestizideréckstänn aus dem Waasser filteren. Fir kënnen d’Populatioun um Stater Gebitt och quantitativ optimal mat Drénkwaasser ze versuergen, gëtt de Reseau vergréissert an an engems och méi al Sourcen um neiste Stand gehalen.

“Wat ganz wichteg ass, dat ass, dass mer eis Quellen, déi e bestëmmten Alter hunn, dass do d’Captagen all frësch gemaach ginn, zum Beispill Birelergronn a Glaasburen an och den neie Waassertuerm. Déi ginn all frësch gemaach. Soss hues de einfach nëmme vertikal gebuert. Lo hu mer en neie System, wou mer horizontal Foragë maachen, mat enger Technologie, wou mer nach kënne méi Waasser erauszéien.”

Den aktuell gréissten Challenge am Beräich vun der Kanalisatioun ass den Ausbau vun der Kläranlag zu Beggen. D’Kapazitéit geet vun 210.000 op 450.000 Awunner erop. D’Waasser vun der Bouneweger Kläranlag gëtt elo a Réier ënnert der ganzer Stad duerchgeleet. Eng speziell Technologie soll do och d’Vitess vum Ofwaasser regléieren.

“Mir hu schonn 42 ‘Rückhalte- an Überlaufbecken’, also ‘Bassins de retention’ a ‘Bassins d’orage’. Mir hunn och nach eng riseg Serie dovunner geplangt, well dat ass eist Haaptinstrument, fir d’Waasser an de Grëff ze kréien. An dann och Mëschwaasser, Reewaasser, do musse mer separéiere kënnen an dat sou mëschen, dass d’Charge polluante, déi an eis Leitunge kommen, schonn um Wee an d’Kläranlag reduzéieren. Dat ass extrem wichteg, fir dass mer e gesonden Assainissement kréien.”

Déi sougenannten “Bassins de retention” a “Bassins d’orages” sollen och an der Preventioun vun Iwwerschwemmungen agesat ginn. Mat deem Zil sollen och Flëss wéi d’Péitruss an d’Uelzecht méi breet gemaach ginn.

PDF: Communiqué Ville de Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO