
Natur an Ëmwelt hat en Donneschdeg de Moien an engem Schreiwes gefrot, ob Wandkraaft op Käschte vun der Natur géif goen. Si hunn eng Foto vun engem doudegen Roude Milan gewisen, schonn e puer Mol wären sou doudeg Vulle bei de Wandrieder fonnt ginn.
De Roude Milan ass eng vun de wichtegste Vullenzorten a Mëtteleuropa a gehéiert geschützt. An der Gemeng Wëntger ginn et extra vill där Milanen. Si hunn hei hir Näschter. Wandrieder dierfen op naturschutz-kritesche Plazen, wou de Roude Milan, Storchen oder Uhuen hir Näschter hunn, net autoriséiert ginn, seet Natur an Ëmwelt.