Inventaire supplémentaireWandmillen um Site vum CHL soll op neiem Standuert nees opgeriicht ginn

RTL Lëtzebuerg
Datt déi 160 Joer al Wandmille sollt ofgerappt ginn, hat fir vill Diskussioune gesuergt.
© RTL-Archiv

Den Tuerm vun der Wandmillen um Site vum Centre Hospitalier gëtt nees opgeriicht an dat net wäit vum initiale Standuert ewech. Dat confirméiert de Kulturministère. D’Käschten dréit den CHL.

Am Kader vum Neibau vun der Klinik an de Besoine vun den Urgencë war festgehale ginn, datt de ganze Site gebraucht gëtt an datt d’Wandmille misst ofgerappt ginn. No laangen Diskussioune gouf awer elo dëse Kompromëss fonnt. Déi 160 Joer al Wandmillen, déi am Inventaire supplémentaire klasséiert ass, soll an Zukunft iwwregens nach besser en Valeur gesat ginn a méi Visibilitéit kréien, heescht et vum Ministère.

D’Material gëtt stockéiert an nom zweeten Trimester 2029 nees opgeriicht, dat op der Kräizung Areler-Strooss - Val fleuri, net wäit vum Tram ewech.


Zum Sujet: Videoreportage aus dem Mee 2025

Back to Top
CIM LOGO