Serie Mëllerdall (4)"Wanterbaach Siweschlëff" an der Gemeng Bäerdref

Christophe Hochard
De Geosite "Wanterbaach-Siweschlëff" ass ee vun den 22 Sitte vum Unesco Global Geopark Mëllerdall.
Serie Mëllerdall (4) - "Wanterbaach Siweschlëff" zu Bäerdref
De Geosite “Wanterbaach-Siweschlëff” ass ee vun den 22 Sitte vum Unesco Global Geopark Mëllerdall.

Obwuel d’Spueren haut net méi z’erkenne sinn, gouf et hei virun enger 200 Millioune Joer e Mier.

Duerch ganz schmuel an enk Splécke kann een hei d’Mëllerdall entdecken. Et ass eng Rees duerch d’Zäitgeschicht. Wéi op villen anere Plaze goufen och hei Sandkären ofgelagert. Fielsbléck hu sech gespléckt an eng speziell Vegetatioun fënnt een hei. An och de Sandsteen ass zu Bäerdref omnipresent.

Dat ganzt Joer iwwer begéint een och ëmmer vill Wanderer. Aus dem In- an Ausland kommen d’Leit sech dës Fielswänn mat all hire Geheimnisser ukucken. Et ass eng magesch Plaz.

No den Iwwerschwemmunge vun 2019 huet hei vill misse gebotzt a gefléckt ginn. Dës Hängebréck gouf virun 3 Joer hei installéiert an ass tëscht 10 a 15 Meter iwwert dem Buedem.

“Hëlt” bei Rouspert/Mompech

Serie Mëllerdall (1): "Hëlt" bei Rouspert/Mompech
D’Hëlt ass e groussen Hiwwel dee sech an der Schleef vun der Sauer befënnt. Sandstee fënnt een hei keen. Hei dominéiert den Dolomitsteen.

D’Wollefsschlucht zu Iechternach

Serie Mëllerdall (2): D'Wollefsschlucht zu Iechternach
Eréischt 1881 gouf dës beandrockend Plaz zougänglech fir d’Touristen. Mat Wëllef huet d’Schlucht wéineg ze dinn.

Dréchemaueren zu Bech

Serie Mëllerdall (3): Dréchemauren zu Bech
An der Gemeng Bech steet en ale Wäschbuer. Freier koumen d’Awunner hei hier Kleeder wäschen an hunn tëschenduerch “Beschass gedriwwen”.

Back to Top
CIM LOGO