
Eng Foto, déi an engem Restaurant op der Fouer gemaach a publizéiert gouf, suergt nawell fir Diskussiounen, well op der Foto e Grupp ze gesinn ass, dobäi eng Persoun mat engem T-Shirt mat Liene zu der rietsextremer Zeen.
Um T-Shirt vun engem jonke Mann war “Kampf der Nibelungen” ze liesen. Heibäi handelt et sech ëm déi gréissten neonazistesch Kampfsportveranstaltung an Däitschland, respektiv Europa.
De Chris Meisch huet sech der Saach ëm de Grupp Jonker an dem ëmstriddenen T-Shirt ugeholl.
Bei de jonke Leit op der Foto handelt et sech ënnert anerem ëm Memberen aus dem sougenannten M-Block. E Grupp vu Futtball-Supporter vun der Lëtzebuerger Nationalekipp. Nieft dem Mann mam Nibelungen-T-Shirt, steet de President vum M-Block, de Bob Gebele.
E puer Journalisten, mee och de Piratendeputéierte Marc Goergen, hu sech op Twitter entsat gesot, wéi se d’Foto virun e puer Deeg gesinn hunn.

Well eenzel Leit op der Foto als Nazie bezeechent goufen, huet de Bob Gebele eng Plainte wéinst Diffamatioun gemaach. Hien distanzéiert sech nämlech kloer vun der Rietser Zeen.
Bob Gebele: “Well ech absolut guer näischt mat sou Saachen ze dinn hunn. Mir geet et de Moment net extrem gutt, well dat fir mech eng Polemik ugeholl huet, déi net z’erdroen ass. Bon, dat éischt, wat ech elo zum Beispill gemaach hunn, dat war iwwerhaapt emol Recherchen ze maachen iwwert deen T-Shirt, deen do mat drop ass. Dat ganzt wosst ech awer och absolut net. Ech wosst iwwerhaapt net wat et wier, ech hunn ebe just duerno eréischt, nodeems dat ganzt rauskomm ass, hunn ech och du meng Recherche gemaach an dunn och gesinn, wat dat am Fong heescht. Mä jiddereen, mat deem ech elo am Kontakt war, mat deem ech geschwat hat, do war keen, dee mir gesot huet, ah jo dat ass dat an dat... eréischt nodeems Recherchë gemaach gi sinn, respektiv nogekuckt ginn ass, wat dat iwwerhaapt ass.”
Wat den anere Mann mam Neonazi-T-Shirt ugeet, zu deem wëll de Bob Gebele sech net äusseren. Ob, a wéi déif sech dës Persoun an der rietsextremer Zeen befënnt, bleift bis op Weideres ongekläert. Beim M-Block wëll ee sech an Zukunft awer besser iwwert dat Thema informéieren an och sensibiliséieren.
Bob Gebele: “Bon am grousse Ganze kann ech dozou soen, kéint ee mol villäicht oppassen, wat ee vu Kleedermarken undeet. Ech hunn nach engem Kolleeg gesot, so weess du wat’s du do unhues, awer och just nodeems ech Recherchë gemaach hu vu verschidde Kleedermarken, déi am Fong net sou bekannt sinn, awer duerch hire Marketing... an dat sinn ebe Kleeder, déi gutt ausgesinn, an da voilà, dinn d’Leit et un a wësse guer net wat et richteg ass. Dee war dunn och extrem schockéiert, dee Kolleeg vu mir, an huet dunn och direkt gesot, so geet et, dat do dinn ech dach net méi un.”
Rietsextremismus ass och zu Lëtzebuerg en Thema, dat een net aus den Ae soll verléieren, sou iwwerdeems de Luxemburgistik-Student Christophe Froehling, dee sech mat der rietsextremer Zeen beschäftegt.
Christophe Froehling:“Zu Lëtzebuerg konnt sech am Fong déi riets Zeen nach net esou konsequent an offensichtlech duerchsetzen, wéi dat villäicht an anere Länner de Fall ass. An dat huet och direkt e puer Grënn. Op déi eng Manéier ass eis Gesellschaft duerch eng grouss kulturell Villfalt ausgezeechent an dat ass op engem besonnesch klenge Raum eben och ganz normal. Dat heescht, déi Diversitéit ass fir eis eppes ganz Normales an dat ass och ee feste Kär vun der Lëtzebuerger Ideologie. Dat wëll awer net heeschen, dass mir hei am Grand-Duché viru sou grousse Beweegunge geschützt wieren. Mä prinzipiell ass kloer, dass déi traditionell Weeër, wéi et ebe villäicht am Ausland funktionéiere géing, iwwert déi Riets-Zeen hei eranzekommen, net sou gutt zéien”.
Déi riets Stréimunge géife probéieren iwwer ëmmer méi subtil Manéiere Messagen ze vermëttelen a versiche méi salonsfäeg ze ginn, an domat méi einfach Leit unzezéien. Et wëll ee sech sympathesch ginn. Doropshi wier virun allem mol wichteg, sech mat der Thematik Neo-Nazien, Rietsextremismus a Populismus ausenanerzesetzen a sech richteg ze informéieren, esou den Christophe Froehling.
Zu dësem Thema kënnt um Méindeg den Owend um 18.30 Auer am Journal nach ee Suivi, dee sech méi genee mam Rietsextremismus a senger verstoppter Symbolik beschäftegt.