Zuelen iwwer ZuelenWat bedeiten déi offiziell Chifferen, an hir aktuell Evolutioun?

Pierre Weimerskirch
Zanter Woche publizéiert d'Santé all Dag aktuell Zuelen zu den Infektioune mam Virus.

Neiinfektiounen

D'Zuel vun de Neiinfektiounen ass déi lescht Deeg op engem niddregen Niveau bliwwen.

6 vun de 979 Tester, déi bannent de leschte 24 Stonne gemaach goufen, ware positiv. Dat ass een Taux vu ronn 0,6 Prozent.

De 5. Abrëll ware vun den 894 Tester 75 positiv, dat si ronn 8 Prozent.

Reproduktiounszuel

D'Reproduktiounszuel seet, wéi vill Persounen eng Infizéiert ustécht.

Dës läit zanter de leschten Deeg liicht ënner 1, soudatt eng Infizéiert Persoun manner wéi eng Persoun infizéiert.

Doudesaffer

All Persoun, déi positiv op SARS-CoV-2 getest gouf a stierft, gëtt an der Statistik erfaasst.

Bei Verdachtsfäll ginn och post-mortem Tester gemaach.

D'Altersstruktur vun de Mënschen, déi duerch eng Infektioun stierwen, entsprécht deenen aus dem Ausland.

67 Prozent vun den Affer waren iwwer 80 Joer.

Weider 25 Prozent tëscht 70 a 79 Joer.

Bis ewell sinn am Grand-Duché zwou Persounen ënner 60 Joer gestuerwen.

Hospitalisatiounen

Zanter dem Lockdown ass d'Zuel vun den Hospitalisatiounen zréckgaangen.

Vun dëser Woch u ginn och Detailer zu den Hospitalisatioune publizéiert.

Déi 22 Persounen, déi den Ament op der Intensivstatioun leien, sinn am Alter tëscht 40 a 79 Joer. Weider 66 Persoune sinn hospitaliséiert, dat am Alter tëscht 0 a 99 Joer.

Ënnert dësem Link fënnt een di offiziell Zuele vun der Santé.

Back to Top
CIM LOGO