Cannabis 101Wat gëtt mam neie Gesetz erlaabt?

Anne Wolff
Tim Morizet
D'Legalisatioun vum Cannabis war e grousst Verspriechen no de leschte Walen. Duerch d'Pandemie awer ass de Projet laang an den Hannergrond geréckt.
Wat ass mam neie Cannabis-Gesetz erlaabt?
D’Legalisatioun vum Cannabis war e grousst Verspriechen no de leschte Walen. Duerch d’Pandemie awer ass de Projet laang an den Hannergrond geréckt.

Elo gouf en éischten Deel vun engem Gesetzesprojet zum sougenannte Cannabis récrératif presentéiert.

Cannabis-Gesetzesprojet / Reportage Anne Wolff

Ganz legaliséiert gëtt de Cannabis domat zwar net, mee a gewëssene Konditiounen depenaliséiert. Et ass e Schratt ewech vum aktuell weltwäiten Echec an der Drogebekämpfung, esou d’Justizministesch Sam Tanson:

“Dat weisen och rezent Etüden. De Cannabis gëtt vill consomméiert – och zu Lëtzebuerg. Dat heescht, datt mer duerch dat repressiivt eleng net hannendru kommen. Mir mussen eis aner Mëttel ginn, fir de Problem anescht ze encadréieren, fir datt déi Leit, déi consomméieren, dat a séchere Konditioune kënne maachen an och wëssen, wat se consomméieren.”

An dat ass relativ schwiereg um Schwaarzmaart. Bis de Gesetzesprojet gestëmmt an den Text en Vigueur ass, bleift de privaten Ubau an de Besëtz awer nach illegal.Ass den Text dann a Kraaft, gëtt d’Uplanze fir de private Beräich erlaabt.Erwuessener duerfe 4 Planze pro Stot doheem hunn. De Som dofir soll och kënnen zu Lëtzebuerg kaaft ginn. Eng Begrenzung vun der Quantitéit fir de kaafte Som gëtt et net an och fir den Taux vum Wierkstoff THC gesäit de Projet keng Limitt vir. D’Consommatioun ass dann am private Beräich erlaabt. Mannerjäreger duerfen awer weiderhi kee Cannabis consomméieren.Och am ëffentleche Raum bleift de Konsum, de Besëtz an de Verkaf dee Moment verbueden. Bis eng Quantitéit vun 3 Gramm gëtt et e Protokoll vun 145 Euro, bei mannerjärege Konsumente geet d’Affär awer weiderhin un de Parquet virun. Iwwert dem Seuil vun 3 Gramm gëtt et méi en deiere Protokoll an de Parquet schalt sech an.Am Stroosseverkéier bleift et iwwerdeems och am neie Gesetzesprojet bei enger Null-Toleranz-Strategie.D’Legalisatioun ass e Projet vun der aktueller Koalitioun. Déi éischt grouss Annoncë goufen et am Mee 2019 no enger Visitt a Kanada vum deemolege Gesondheet- a Wirtschaftsminister Etienne Schneider an dem deemolege Justizminister Félix Braz.De Projet de Loi huet iwwert déi lescht Méint méi séier u Form ugeholl, dat och wéinst dem Support vun hannert der Grenz aus Däitschland. Do wëllt d’Ampel-Koalitioun nach an der zweeter Hallschent vun dësem Joer e Gesetzesentworf fir eng méi wäitleefeg Legaliséierung vu Cannabis proposéieren. An deem Kader soll am Nopeschland och d’Vente a lizenzéierte Geschäfter erlaabt ginn. Mëtt Juni ass déi éischt vu 5 Consultatioune mat enger Rëtsch Experten dozou ugaangen.Eng richteg Legalisatioun ass zu Lëtzebuerg awer nach ëmmer méiglech. Ka sech awer iwwert déi nächst Joren zéien, esou d’Justizministesch: “D’Mise en place wäert nach dës Legislaturperiod kommen. Wat mer allerdéngs maachen, ass weider um sougenannten “concept-paper” schaffen. Dëse setzt de ganze Kader vun der Produktioun, iwwert d’Vente bei den Endkonsument. Dono muss e Gesetz geschriwwe ginn an e Marché public geschaaft ginn, fir déi Plantatiounen zu Lëtzebuerg virzegesinn.” Sollt d’Gesetz da vun der Majoritéit an der Chamber gestëmmt ginn, wier Lëtzebuerg no Kanada, Mexiko, Uruguay an 11 US-amerikanesch Bundesstaaten eent vun den éischte Länner, an deenen d’Benotze vu rekreativem Cannabis net méi op just medezinesch Zwecker limitéiert wier. Lëtzebuerg wier och dat éischt Land, dat déi privat Produktioun vum Cannabis legaliséiert.

© René Pfeiffer / RTL

Offiziellt Schreiwes

Sam Tanson a présenté les modifications prévues à la loi concernant la vente de substances médicamenteuses et la lutte contre la toxicomanie (15.06.2022)

Communiqué par : ministère de la Justice

L’avant-projet de loi représente une première étape dans l’approche gouvernementale en vue d’élaborer une législation portant sur le cannabis récréatif, telle que prévue dans l’accord de coalition 2018-2023.

L’avant-projet sous examen poursuit un double objectif: la réduction des risques quant à l’origine et l’usage du cannabis et la prévention de la criminalité.

Il est prévu que toute personne majeure sera ainsi autorisée à cultiver jusqu’à 4 plantes de cannabis par communauté domestique et ce exclusivement à partir de semences. À noter que les plantes ne doivent pas être visibles aux personnes situées dans l’espace public.

La consommation personnelle dans la sphère privée sera autorisée. En cas de non-respect du lieu de culture ou lorsque le nombre de plantes cultivées par communauté domestique est excédé, des sanctions pénales s’appliquent. La consommation en public demeure interdite.

Il est également proposé de décorrectionnaliser la détention de petites quantités de cannabis sur la voie publique et ainsi il sera possible de décerner un avertissement taxé de 145 euros. La détention de cannabis au-dessus de ce seuil sera d’office pénalement poursuivie.

Cette légalisation de l’autoculture et de la consommation privée constitue une première étape, en attente de la finalisation du concept initial tel que prévu dans le programme de coalition, visant à contrecarrer le marché illégal du cannabis.

Le programme gouvernemental prévoit en effet l’introduction d’une législation, dont les objectifs principaux seront de dépénaliser, voire de légaliser sous des conditions à définir, la production sur le territoire national de même que l’achat, la possession et la consommation de cannabis récréatif pour les besoins personnels des résidents majeurs, d’éloigner les consommateurs du marché illicite, de réduire de façon déterminée les dangers psychiques et physiques y liés et de combattre la criminalité au niveau de l’approvisionnement. À cette fin, il s’agira d’instaurer sous le contrôle de l’État une chaîne de production et de vente nationale et de garantir ainsi la qualité du produit.

Back to Top
CIM LOGO