De Silvester-MenüWat kënnt zu Lëtzebuerg um leschten Owend vum Joer op den Dësch?

Christophe Hochard
Fleesch, Fësch oder aner Cruditéiten - Am Dezember ginn et vill Momenter, wou ee kann als Famill oder ënner Frënn zesumme feieren.
De Silvester-Menü
Fleesch, Fësch oder aner Cruditéiten. Am Dezember ginn et vill Momenter, wou ee kann als Famill oder ënner Frënn zesumme feieren.

No de Chrëschtdeeg, wou bei deene meeschte bestëmmt vill a gutt giess gouf, geet et elo iwwer Silvester bis an d’Neit Joer era weider. Fir e Lëtzebuerger Liewensmëttelgrossiste vu Leideleng gëlt et dohier preparéiert ze sinn.

De leschten Dag vum Joer wéilten d’Leit gäre gemitterlech feieren, ouni laang an der Kichen ze stoen an ze kachen. Dëse Constat maache se zanter Joren an der Metzlerei vun engem grousse Supermarché op der Areler Strooss zu Stroossen.

Wéi béid Betriber sech op Silvester preparéieren a wat hir Clienten am léifste kafen, gesitt Dir am Reportage vum Christophe Hochard.

Dir hutt nach Iessensreschter vun de Feierdeeg a wësst net wat domadder maachen? Hei e puer Iddie vun Anne’s Kitchen.

Back to Top
CIM LOGO