Nom x-te Wiessel un der Spëtzt, enger penibeler Iwwerweisung op e falsche Kont an no engem kritesche Rapport vun der Cour des Comptes kann ee sech scho froen: Wat leeft schif beim Fonds du Logement? Mir hu mat der Presidentin vum Verwaltungsrot, Diane Dupont, iwwert d'Turbulenze beim Fong geschwat.
D'Diane Dupont ass elo eppes méi wéi ee Joer am Amt an ass sech sécher, dass déi aktuell Schwieregkeeten näischt iwwert de Fonctionnement vum Fong aussoen. „Dass mir elo erëm e bëssen an Turbulenze geroden, dat beonrouegt mech elo net, well mir hunn hei kee strukturelle Problem. De Fong funktionéiert an ass a rouegem Fuerwaasser ënnerwee.“
Zum Fortgoe vum Eric Rosin wëll si sech net äusseren an och zum Thema vun den 800.000 Euro, déi a Pole gelant sinn amplaz bei enger Lëtzebuerger Baufirma, seet si net vill.
„Et war eng Fraude. De Fong ass Affer ginn. A mir hunn dat gemaach, wat mir elo musse maachen. Et kann een awer just soen, dass iwwer 500.000 Euro blockéiert sinn. Well wéi mer et gemierkt hunn, hu mir direkt alles an d'Weeër geleet.“
Zum Rapport vun der Cour des Comptes betount d'Presidentin vum Fong, dass d'Donnéeë bis 2017 gesammelt goufen an zanterhier hätt sech sou munches geännert. Am Rapport stoung zum Beispill, dass de Fong säi Virkafsrecht bei Terrainen a ronn 10 Joer nëmmen 20 Mol genotzt hätt. Ma eleng am leschte Joer hätt een iwwer dee Wee schonn 11 Terraine kaaft.
Wat de Reproche ugeet, dass ee beim Fong net wéisst, wéi eng Terrainen een hätt a wou déi an der Prozedur dru wieren, wiert sech d'Diane Dupont: „Dat stëmmt vireran net, well am Oktober 2017 huet d'Cour des Comptes ganz wuel en Dokument kritt, wou de Fong informéiert huet iwwert déi Terraine, wou PAPen am Gaange sinn an och iwwert déi Projeten, déi am Gaang si realiséiert ze ginn.“
An dass de Fong keen Terrain hätt, dee kuerzfristeg kéint genotzt ginn, fënnt d'Diane Dupont guer net negativ.
„Dat ass jo eigentlech e gutt Zeechen, oder? Wann Terrainen, déi kuerzfristeg kënne bebaut ginn, net do sinn, da si se wahrscheinlech bebaut, géif ech mol soen. […] Et wär jo elo e schlecht Zeechen, wa mer eng grouss Reserve foncière hätte mat Baulücken. Da kéint een eis reprochéieren, dass mer d'Baulücken einfach leieloossen, wat net de Fall ass.“
An Tëschenzäit schaffen 114 Leit fir de Fonds du Logement. 2017 waren et der nach 73. Et bereet ee sech deemno vir, fir nach méi kënnen ze bauen. De Besoin ass nämlech do. Op der Waardelëscht, fir eng Wunneng beim Fong ze kréien, stinn den Ament ronn 2.500 Leit.