ChamberWéi ass déi aktuell Situatioun vun de Flüchtlingen zu Lëtzebuerg?

RTL Lëtzebuerg
Den Ausseminister Jean Asselborn presentéiert um Méindeg de Bilan vun der Lëtzebuerger Immigratiouns- an Asylpolitik vum leschte Joer.
© RTL-Archiv

Donieft mécht hien de Point iwwert déi aktuell Situatioun, wat den Accueil vu Flüchtlingen betrëfft, déi eng Demande op Asyl maachen, souwéi an den Opfaangstrukturen, an deenen di betraffe Leit ënnerbruecht ginn. Fir d'éischt steet de Jean Asselborn vun 9 Auer un den Deputéierten vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Ried an Äntwert, éier hien um 11 Auer op enger Pressekonferenz de Bilan offiziell presentéiert.

De Minister François Bausch stellt um Méindeg de Moie vun hallwer 11 un den Deputéierten vun der zoustänneger Chamberkommissioun déi grouss Infrastrukturprojeten vum Staat vir.
Aner Sujeten des Woch an de respektive Chamberkommissiounen sinn déi weider Etappen an der Verfassungsreform, den Avis vum Staatsrot iwwert d'Reform vum Jugendschutzgesetz, d'Logementsministesch gëtt en Donneschdeg Explikatiounen iwwert de Fonctionnement vum Fonds du Logement an de Brexit ass e Freideg ee Sujet an der parlamentarescher Finanzkommissioun.

E Mëttwoch gëtt et ee weideren ëffentlechen Debat an der Chamber. Et geet dann ëm eng Petitioun déi fuerdert, dass d'Plastiksemballagen hei am Land reduzéiert ginn. Des Petitioun war um Site vun der Chamber iwwer 5.000 mol ënnerschriwwe ginn. Den Debat fänkt Moies um 9 Auer un.

Back to Top
CIM LOGO