Bei Ëmweltverwaltung nogefrotWéi ass et aktuell mam Retard bei den Energie-Primmen?

Lynn Cruchten
Bis zu 17 Méint kann et daueren, bis eng Demande traitéiert gëtt fir eng Primm nom Kaf vun engem Elektrovëlo.
Retard bei den Energie-Primmen
Bis zu 17 Méint kann et daueren, bis eng Demande traitéiert gëtt fir eng Primm nom Kaf vun engem Elektrovëlo.

Bei den Elektroautoen a Bornen läit den Delai bei just 1 bis 2 Méint. Dossiere fir Sanéierungen an technesch Installatiounen un Haiser bleiwen iwwerdeems och scho mol 6-11 Méint leien. Dobäi kommen ëmmer nach 1 bis 2 Wochen, bis d’Subsiden ausbezuelt ginn. Dat huet den David Glod, Interim-Direkter vun der Ëmweltverwaltung, RTL op Nofro hi confirméiert.

Et géif elo mat Nodrock dru geschafft ginn, fir d’Retarden ofzebauen an de Service, deen op deenen Dossiere schafft, soll Personal bäikréien. Nieft den 10 Posten, déi am Kader vum Tripartite Accord ausgeschriwwe goufen a vum 1. Dezember u solle besat ginn, sollen nach weider Leit rekrutéiert ginn, fir den aktuell 23 Mataarbechter ënnert d’Äerm ze gräifen. An et ass och virgesinn, en Expert fir d’Simplification administrative anzestellen.

RTL NEWS: Ëmweltministère Méi Personal, fir de grousse Retard bei den Ëmweltprimmen anzehuelen

Back to Top
CIM LOGO