Punkt fir Punkt zu der EnergiekrisWéi eng verschidde Primmen an Hëllefe gëtt et?

Monica Camposeo
Wéi kënne mer Energie spueren a wéi kréie Leit gehollef, déi héich Energiekäschten ze droen? Dat ass de Moment en Thema iwwerall uechter Europa.
Punkt fir Punkt: Hëllefsmesuren am Iwwebléck
Man Punkt fir Punkt gitt Dir gewuer, wéi eng finanziell Hëllefen am Kader vun der Energiekris disponibel sinn.

Zu Lëtzebuerg gouf jo am Kader vun der Tripartite decidéiert, de Gas- an de Stroumpräis ze deckelen a Mazout oder och Holzpellets ze subventionéieren. Dat si staatlech Hëllefen, déi jidderengem ze gutt kommen - grad wéi d’Baisse vun der TVA. Doriwwer eraus ginn et awer och eng Partie geziilt Hëllefen, déi éischter fir Leit mat niddregem Akommes geduecht sinn.

Allocation de Vie Chère an Energieprimm

D’Demande fir dës Primme gëtt zesumme gemaach an den Delai gouf verlängert. Bis den 31. Oktober kann ee seng Demande nach areechen. Eng 30.000 Stéit haten dat bis August scho gemaach. Dës Primme riichten sech u Leit mat niddregem Akommes. Wou d’Limitt läit, hänkt vun der Composition de Ménage of. Eng Persoun, déi eleng wunnt, dierf zum Beispill maximal 2.258,83 € verdéngen, wat u sech manner wéi den aktuellen onqualifizéierte Mindestloun ass. Dee läit nämlech bei 2.313,38 €.

Op Nofro krute mir vum zoustännege Service gesot, dass dat un de fréiere Mindestloun ugepasst wier, well ee fir d’Demande d’Paie vun de leschten 12 Méint muss areechen. Deementspriechend géing déi Limite och deemnächst no uewen ugepasst ginn.

Fir e Stot vu véier Persoune wier d’Allocation de Vie Chère eemoleg bis bal 3000 € plus d’Energieprimm vun 350 €. De ganze Stot dierf awer bis maximal bal 5000 € brutto de Mount verdéngen. Do gëtt et awer e Puffer, fir just d’Energieprimm ze kréien. Bis e Revenu vu bal 6000 € fir e Stot vu véier Leit hätt een dann nach just d’Energieprimm vun 350 € zegutt.

© RTL-Grafik

Crédit d’Impôt Energie (CIE)

De Crédit d’Impôt, oder och CIE, wéi en um Paiziedel steet, soll d’Indextranche vu Juli souzesoe kompenséieren. Anescht wéi den Index gëtt et awer eng Limitt, wéi vill een dierf verdéngen. Déi läit bei ongeféier 100.000 € brutto pro Joer. Bei enger Paie vu 5000 € brutto kritt ee knapp 78,66 € CIE, wärend den Index vun 2,5% um Brutto 125 € géing ausmaachen. Beim Mindestloun kritt ee mam CIE awer méi, wéi dat wat ee mam Index kritt hätt.

Crédit d’Impôts fir elengerzéiend Leit (CIM)

Dës Hëllef muss weider ugefrot ginn a gëllt fir Mammen a Pappen, déi hir Kanner eleng erzéien an e besteierbaart Akommes vu bis zu 35.000 € hunn. Da kritt d’Famill 1.500 € d’Joer. Dat gëtt awer och mat den Alimenter verrechent, déi ee vum aneren Elterendeel kritt. Bei engem Akommes tëscht 35.000 € an 105.000 € kritt een da progressiv manner, bis erof op 750 €.

© RTL-Grafik

An der Ried zum Budget vun 2023 hat d’Finanzministesch Yuriko Backes annoncéiert, dass dëse Steierkredit soll erhéicht ginn. “An Zukunft wäert e bei 2.505 Euro fir en Akommes bis 60.000 Euro d’Joer leien, an da progressiv erofgoen. Dat sinn bis zu 1.000 Euro méi pro Joer.”

Reduktioun vun der TVA

Dës Mesure gouf op der leschter Tripartite annoncéiert a gëllt vum 1. Januar 2023 un fir déi ënnerschiddlech TVA-Tauxen. Mat Ausnam vum super-reduzéierten TVA-Taux vun 3%, dee bleift d’nämmlecht. Als Beispill, bei engem Auto vu 50.000 € géing ee mam TVA-Taux vu 16 amplaz 17 Prozent ongeféier 500 € spueren. Deementspriechend sinn d’Erspuernesser bei méi klengen Zommen och méi niddreg.

Subvention Loyer

D’Subvention Loyer gouf den 1. August vun dësem Joer erhéicht a ka bis 400 € sinn. Eng Famill mat zwee Kanner géing zum Beispill maximal 360 € kréien, wann de Stot manner wéi 6.400 € Revenu pro Mount huet. Woubäi heifir de Netto-Revenu gekuckt gëtt! Bei Leit, déi d’Subvention Loyer scho kruten, ass de Montant automatesch zum 1. August erhéicht ginn. An deem Fall krut een e Bréif heem geschéckt.

Erhéijung vum Mindestloun

Aktuell ass den onqualifizéierte Mindestloun nach ronn 2.313,38 € an de qualifizéierte läit bei 2776,05 €. Vum éischte Januar un kréien déi Leit 76,34 €, respektiv 91,61 € méi an der Pai.

Mat der Hausse vun 3,3 % klëmmt den onqualifizéierte Mindestloun op 2.389,72 € an de qualifizéierten op 2.867,66 €.

© RTL-Grafik

Evolutioun am Verglach

De Mindestloun gëtt ëmmer nees ugepasst. 2014 louch den onqualifizéierte Mindestloun bei 1921.03 €. Dat ass bis bei déi aktuell Hausse, déi am Januar kënnt e Plus vu 24,4 %. De Metercarréspräis fir Appartementer louch 2014 an der Moyenne bei ongeféier 4.600 €, aktuell ass en bei 8.600 €. Dat ass also eng Hausse vu bal 87 %. Bei der Locatioun sinn et e bësse méi wéi 40 %. Do ginn et also däitlech Ënnerscheeder, wat d’Evolutioun ugeet.

© RTL-Grafik

Back to Top
CIM LOGO