Et ass en Zeechen, dat wuel jidderee scho gesinn huet. Et ass op Schockela, Jus, Kaffi an dacks och op Banannen: de Fairtrade-Sigel. All Joer wärend deenen éischte 15 Deeg vum Mee organiséiert Fairtrade-Lëtzebuerg eng Sensibiliséierungscampagne. Mee wat ass Fairtrade eigentlech? Wéi enge Sigele kann ee vertrauen? A wéi eng si just eng Marketing-Strategie?
An deene 7 Weltbutteker uechtert d’Land fënnt een nëmme Produiten, déi Fairtrade sinn an och wierklech halen, wat se verbriechen. Op deene meeschten dovunner ass effektiv dee wuel bekanntsten an och “beschten” Sigel, esou de President vu Fairtrade Lëtzebuerg, de Jean-Louis Zeien.
De gréng, blo a schwaarze Sigel gëtt et zanter 2004 an hëlleft dem Konsument europawäit beim Akaf. En heescht esouvill, wéi datt de ganze Produit Fairtrade ass. An der Reegel fënnt een deen dowéinst och op Liewensmëttel, wéi Orangëjus oder Kaffi, déi souwisou just aus engem Ingredient bestinn. Donieft ginn et awer nach zwou Variante vum Sigel.
De schwaarze Logo mam Feil weist drop hin, datt just en Deel, awer ëmmerhin nach op d’mannst 20 Prozent vum Produit, Fairtrade ass. Wéi vill genau an och wéi eng Zutaten, kann een op der Récksäit noliesen. Dee wäisse Sigel heescht iwwerdeems, datt just een eenzelen Ingredient Fairtrade ass. Meeschtens ass dat de Kakao bei Schockela.

Wat dee bekannte Fairtrade-Sigel bedeit, hu mir jo schonn erkläert. Dermat een dee kritt, muss e Produzent, respektiv e Produit verschidde Konditiounen erfëllen. Dorënner geet et ëm gutt Aarbechtsbedéngungen, Transparenz, Ëmweltschutz an e Verbuet vu Kanneraarbecht a Pestiziden.
Ausenee geschriwwen ass Fair Trade awer kee rechtlech geschützte Begrëff an de Produit gëtt och net onofhängeg op d’Fairtrade-Konditioune kontrolléiert.
Am weltwäite Verglach steet de Lëtzebuerger Konsument mat 60 Euro, deen hie pro Joer fir Fairtrade-Produiten ausgëtt, op der 6. Plaz. Un der Spëtzt ass de Schwäizer, deen et sech dat duebelt kaschte léisst.
Allgemeng géing ee bei Fairtrade Lëtzebuerg awer feststellen, datt ëmmer méi lokal Produzenten dëse Wee aschloen. Deemno ginn et mëttlerweil 25 Lëtzebuerger Marken, déi Fairtrade-Produiten, wéi Kakao, mat lokale Produiten, wéi Miel a Botter, zu engem fäerdege Liewensmëttel verschaffen, wéi zum Beispill engem Croissant.
Weider ginn et 26 Fairtrade-Gemengen zu Lëtzebuerg an eng vun dräi Banannen, déi hei kaf gëtt, ass eng Fairtrade-Banann.
Am Viraus hate mir och eng Ëmfro op rtl.lu gemaach an d’Leit gefrot, wéi wichteg hinnen de Sujet ass. Vun 226 Participanten hu ronn 52 Prozent geäntwert, datt Fairtrade hinne beim Akaf ganz wichteg (67 Leit), respektiv éischter wichteg (50 Leit) ass.
