Am RTL-Interview weist sech d’Gesondheetsministesch optimistesch, datt dës Well eriwwer wier. D’Gesetz fir eng sektoriell Impfflicht kéint iwwerdeems éischter prett si wéi geplangt. Ob se kënnt, bleift awer onkloer.
D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert sot am RTL-Interview, datt d’Regierung elo no der Fuesvakanz nach emol de Bilan mécht - elo misst ee Richtung Hierscht plangen a sech op verschidden Zenarie preparéieren. D’Mesurë géif een nëmmen esou laang oprecht erhalen, wéi ee se brauch, dat wier ëmmer d’Demarche vun der Regierung gewiescht. En Datum, wéini all d’Mesurë falen, nennt d’Ministesch net.
Zanter ugangs vum Joer gëtt un engem Gesetz fir eng Impfflicht geschafft, den Text kéint schonn éischter prett si wéi virgesinn. Aktuell lafen Analysen, fir den Impakt vun der Impfflicht ze berechnen. E Pandemiegesetz kënnt virum Hierscht net méi. Trotzdeem géif ee sech elo scho Gedanke maachen an op méiglech Zenarie preparéieren. D’Impfzentre géif ee weider bestoe loossen, ënnert anerem en Vue vun enger neier Generatioun vun Impfstoffer, déi op de Marché kommen. D’Experten an der Santé ginn dovun aus, datt am Hierscht nees mat enger Infektiounswell ze rechnen ass, wat genee kënnt, kéint een nëmme schwéier viraussoen. Mat enger gewësser Onsécherheet wäert een an de nächste Méint nach liewe mussen.
Déi brittesch Regierung krut vun hiren Experte véier méiglech Zenarie virgezeechent. Am optimisteschen ass mat enger Well am Hierscht ze rechnen, ouni datt vill Leit schwéier krank ginn.
Am schlëmmsten Zenario géif de Virus méi iwwerdrobar ginn a méi schwéier Krankheetsverleef ervirruffen. An dësem Fall wier nees mat héijen Infektiounszuelen am Hierscht ze rechnen a méi schwéiere Krankheetsverleef.