Awer och fir ze verhënneren, d'Krankheet op aner Patienten z'iwwerdroen. Mir hunn nogefrot am CHL an der Stad, am CHEM zu Esch an am CHdN zu Ettelbréck, wéi sech op d'Kris preparéiert gëtt.
Et hätt een d'Sécherheetsmesurë séier kënnen ëmsetzen, seet de Coordinateur vun der Cellule de Crise vum Chem Serge Meyer: "Mir haten en éischten Exercice an den 2000er Jore mam SARS gemaach, deen net komm ass. Gott sei dank konnte mer deen elo relativ schnell applizéieren, mee sou richteg weess jo keen, wat ass, well kee vun eis huet dat do jee materlieft, dat ass eng nei Situatioun fir eise Gesondheetssystem, eng Erausfuerderung fir d'Dokteren, fir d'Spideeler, fir d'Soinen, déi dobausse sinn, dat ass eng haart Aarbecht."
Den Ament géifen am Chem tëscht 6 an 10 Leit den Dag erakommen, esou de Serge Meyer, sou dass een domat géif rechnen, de Weekend op 60-70 Patienten ze kommen.
Zu Ettelbréck wier et bis en Donneschdeg nach méi roueg gewiescht, heescht et vum medezineschen Direkter Paul Wirtgen, ma och do kéimen esou lues d'Covid-19-Patienten un. Fir sech op d'Situatioun ze preparéieren hätt ee sech um CHL orientéiert.
"Wou een och gekuckt huet, an dat huet ganz gutt geklappt, national, tëschent den Doktere bei eis, eis Experten, Pneumologen, Internisten mam CHL am Service national vun de Maladies infectieusen, dass se sech echangéiert hunn, wéi eng Therapie-Protokoller wëlle mer ubidden an do sinn och elo Patienten, bei deenen dat ganz kloer ugewannt gëtt, iert se géingen an e Stadion vu Krankheet kommen, wou ee seet, se si wierklech ganz grav krank.", esou de Paul Wirtgen.
Am CHL dann hätt een d'Intensiv-Statioun-Plaze verdräifacht, seet den Direkter vum Spidol Romain Nati. Mëttlerweil géifen nëmmen nach Patienten hospitaliséiert ginn, déi staark Symptomer hätten - déi géife symptomatesch behandelt ginn.
"A wa Longesymptomer optrieden, se och mat Sauerstoff behandelen a wann dat net méi duergeet, da mussen op d'Intensivstatioun verleeën. Dat ass awer glécklecherweis nëmme fir e klengen Deel vun de Leit de Fall, ech muss och soen, dass wa mer elo hei eng ronn 32 Patienten hospitaliséiert hunn, dass genee esou vill mëttlerweil nees Heem konnte goen, well et hinne besser gaangen ass.", erkläert de Romain Nati.
D'Patiente géifen no 14 Deeg als geheelt gëllen, wa se zanter 48 Stonne keng Symptomer méi hätten - da géif een dovunner ausgoen, dass si net méi ustiechend a bis op Weideres géint d'Krankheet immun wieren, esou de Romain Nati.
Stand den Donneschdeg de Moie sinn am Chem eng 40 Patiente mam Coronavirus hospitaliséiert. Et wiere méi Männer dobäi, ewéi Fraen. Dëse Constat gouf jo och schonn an anere Länner gemaach. Déi jéngsten hospitaliséiert Persoun wier am Chem an déi 30. Ma dobäi misst beduecht ginn, dass: "Déi Risikogruppen, déi definéiert sinn, sinn och d’Majoritéit vun de Leit, déi erakommen. Dat heescht, virbelaaschte Longepatienten, Häerzpatienten, Leit mat engem schwéieren Iwwergewiicht, diabetesch Patienten an natierlech bedierfteg Patienten, also Leit aus engem drëtten Alter, déi schonn an enger Structure de soin waren, déi si besonnesch ufälleg.", erkläert den Dr. Serge Meyer, Coordinateur vun der Cellule de Crise am Chem.
Beim Verlaf vun der Krankheet géing opfalen, dass e Scan vun de Longen dacks net mat de Symptomer korreléiert.
"Dat ass och an der Literatur esou beschriwwe ginn, dass d’Longen-Biller e bëssen decaléiert sinn, 4 bis 5 Deeg oder bis eng Woch decaléiert sinn, wou se méi schlecht ginn a sech dat Ganzt dann awer nees propper mécht.", esou nach den Dr. Serge Meyer.
Am CHL ginn dann den Ament ronn 30 Patiente mam Coronavirus stationär behandelt, dorënner och zwee Kanner. Ma dat wier awer haaptsächlech präventiv, fir d’Iwwerwaachung kënnen ze garantéieren, erkläert de Romain Nati: "Kanner kënnen och Féiwer kréien, awer meeschtens an engem méi kuerzen Zäitraum bei de Kanner. Mee wéi gesot, an der Reegel ass dat méi seelen, dass si symptomatesch ginn a wann da sinn d’Krankheetszeeche vill méi schwaach."
Am Nordspidol zu Ettelbréck sinn et eng Dose Corona-Patienten, déi traitéiert ginn. Ma et wier ee frou, dass d’Virbereedungen esou fréi ugefaangen hunn, seet de Paul Wirtgen: "Mir hunn hei am ChdN ganz fréi ugefaangen, d’Aktivitéit ze bremsen a mir hunn dann iwwert eng Woch e Spidol erlieft, wat esou eidel war, wéi et soss ni ass. An da fänks de bemol un ze iwwerleeën, ob dat alles richteg esou war. Hu mer ze fréi ugefaangen? Mee mir si frou, dass mer et gemaach hunn, well vun haut u mierkt ee bei eis hei zu Ettelbréck an am Norden, dass et haut ufänkt, méi heefeg ze ginn, wou d’Leit kommen an och eng ganz Partie Leit mussen hospitaliséiert ginn."
Dass elo, trotz de strikte Kontaktmesurë vun der Santé, ëmmer nach Persoune positiv getest ginn, wier awer normal, betount nach de de Paul Wirtgen: "Et ass net, well elo Patiente géingen hei an d’Spidol massiv kommen, dass sech haut nach massiv Leit géingen ustiechen. Dat si jo alles Leit, déi sech virun enger Woch ugestach hunn. An deen Effekt vum Bremsen, dee mierken mer eréischt méi spéit."
Wéini ee sech da genee de Pic dierft erwaarden, wier schwéier ze soen, esou den Dr. Wirtgen weider. An deenen dräi Spideeler fillt ee sech awer gutt virbereet.