Dëse Fall huet eng Rei Froe ronderëm den Ëmgang mat esou Mëssbrauchsfäll opgeworf: Wéi sollen dës gemellt an och enttabuiséiert ginn? Ënnert anerem doriwwer gouf um Krautmaart an der Justiz-an Edukatiounskommissioun diskutéiert. D’Justizministesch Elisabeth Margue, den Edukatiounsminister Claude Meisch a Vertrieder vum Parquet stoungen den Deputéierte Ried an Äntwert.
D’Zuele vu Mëssbrauchsfäll bei Mineuren, déi gemellt ginn, ginn zolidd an d’Luucht: 2021 goufen nach 1.021 Fäll gemellt, d’lescht Joer ass déi Zuel op 2.206 geklommen. Dës Hausse géif ee sech awer och doduerch erklären, datt méi sensibiliséiert gëtt an esou d’Affer sech och éischter trauen, ee Mëssbrauch ze mellen, esou de Procureur d’Etat vum Stater Parquet David Lentz an der zoustänneger Chamberskommissioun. D’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue huet no der Kommissioun erkläert, datt eng Rei Verbesserungen um Instanzewee wieren:
“Mir wäerten och mam neie Jugendschutz, Jugendstrofrecht e bessere Kader hunn, fir kënne géint esou Situatiounen och virzegoen. Mir gesinn do zum Beispill och d’Obligatioun, fir wann en Delikt géint e Mineur enzwousch gesi gëtt, datt een deen och muss mellen. Am Moment ass dat just de Fall, datt all Mënsch muss e Crime mellen. Dat heescht, dat wäert och eng zousätzlech Verbesserung ginn, fir datt eeben och méi nach déi Affären och un d’Liicht kommen.”
Och d’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet d’Mesuren aus de Gesetzesprojete begréisst, ma gesäit awer bei den Ulafplazen nach Loft no uewen:
“Fir dass et och Ulafstelle ginn, déi vläicht och méi kloer ënnerscheet ginn tëschent der Protektioun vum Mineur an dann der Poursuite vum Mineuren, an fir dass dat och kloer an der Gesellschaft ass, wou ee sech ka mellen, do mengen ech, hu mer nach e gewëssene Wee ze maachen.”
Fir den Dan Biancalana vun der LSAP, deen d’Diskussioun ugefrot huet, hätt de Fall vum Kannerduerf zu Miersch gewisen, datt gewësse Mesuren net gegraff hätten:
“Kann ee sech awer generell froe beim Fonctionnement vun esou Institutiounen, wat war do d’Politik vun der Dokumentatioun, wat war d’Politik vun der Transmissioun, wat war d’Politik vum Signalement, wat war d’Politik vum Archivage, wa Situatiounen effektiv vun Abus a vu Mëssbrauch opkommen, dass déi natierlech och dokumentéiert sinn, dass een och deem kann eng Suite ginn. Dat war hei vill méi schwiereg, bal guer net de Fall.”
Aus dëse Beispiller missten déi néideg Conclusioune gezu ginn. Och d’Djuna Bernard vun déi gréng ass der Meenung, datt et méi transparent an uniform Reegelen bräicht:
“Well mir hunn e risege Secteur, wou mat Kanner a Jonke geschafft gëtt, vum Heemberäich, iwwert de Sport, iwwert d’Fräizäitaktivitéiten an d’Formalbildung an do géing ech mer wënschen, dass et méi kloer Reegele ginn, déi fir jidderee gëllen an dass d’Organisatiounen och sech kënnen entspriechend opstellen, well fir déi eng, déi schaffe mat Professionellen, déi hunn en anere Point de départ, wéi do wou Benevollen en place sinn oder do Leit sinn, déi am Fong guer net aus dem edukative Secteur kommen.”
Wat d’Jugendschutzgesetz an d’Jugendstrofrecht ugeet, waart d’Regierung den Ament nach op d’Avisen vum Staatsrot.
D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf huet iwwerdeems zwou Kommissiounen mat Experten domat beoptraagt, d’Mëssbrauchsfäll déi zu Miersch gemellt goufen onofhängeg opzeschaffen. Donieft soll och een Audit gemaach ginn.