An et géif ee gären hëllefen, firwat net och mat direkte Finanzhëllefen. Als mat déi räichste Gemeng am Land wär dat fir d'Stad kee Problem. Mä et haakt op e puer Punkten an d'Oppositioun am Gemengerot mécht Drock. Et war e waarmen Dag mat vill Sonn. Um Fëschmaart an der Stad Lëtzebuerg war esou gutt wéi näischt lass. Just eng Fra souz op enger Bänk an huet gezeechent. No an no hat si d'Fassad vun engem bekannte Restaurant op de Pabeier kopéiert. Am Konschtjargon an op däitsch nennt een esou eng Zeechnung ''Stillleben''. An dësen Zäite wuel e Begrëff, dee passt. Kee Liewen an de Restauranten an de Caféen. D'Butteker sinn nees op, mä och hinne geet et net gutt. De Stater Conseiller vun déi Gréng fuerdert séier Hëllefen: ''Et ass wichteg, dass d'Stad Lëtzebuerg, déi och responsabel ass, dass et hire Commerçante guttgeet, do mol eng Schëpp noleet. Ech mengen no zwee Méint ass nach net vill geschitt. Si sollen elo emol Gas ginn.''
D'Oppositioun am Stater Gemengerot mécht Drock op dee Blo-Schwaarze Schäfferot, mat de Mëttelen, déi een huet. Déi Gréng, LSAP an déi Lénk hate fir d'Gemengerotssëtzung nees eng Motioun deposéiert. Propose ginn et der vill. D'Stad kéint de Commercen zum Beispill Chargen ewéi déi fir Waasser a Poubellen erloossen. Mä mat enger Reserv vun 1 Milliard Euro kéint d'Stater Gemeng sech och Direkthëllefe leeschten. Dat weess och de Stater Schäffe Serge Wilmes vun der CSV:
''Dowéinst hate mir Rendez-vous mam Mëttelstandsminister Lex Delles. Mat deem hu mir doriwwer geschwat. A mir mussen e Bréif un d'Inneministesch Taina Bofferding maachen. Si muss decidéieren, ob eng Gemeng dat dann och dierf maachen. Mir waarden nach ëmmer op eng Äntwert. Wann déi positiv ass, da si mir prett. Da gi mir eng finanziell Direkthëllef. Wann net, da bedauere mir dat.''
Am Mëttelstandsministère huet een op dee vum Interieur verwisen. Do huet et geheescht, dass ganz geschwënn eng Decisioun géif falen.
De Schäfferot hat och aner Hëllefen envisagéiert. Zesumme mat der Online-Plattform LetzShop wollt ee Bonge verkafen, bei déi d'Gemeng e gewësse Montant géif dropleeën. Nach stinn där Iddi awer technesch Problemer am Wee. Caféen a Restaurante sollten iwwerdeems online promouvéiert ginn. Dem Stater LSAP-Conseiller Gabriel Boisante, selwer Restaurateur, no géif et den Ament awer aner Prioritéiten:
''Soulaang een net op ass, sou laang d'Keess wärend zwee bis dräi Méint elo wierklech gelidden huet, do ass d'Promotioun vum Commerce net wierklech déi éischt Prioritéit. Se ass wichteg an enger zweeter oder drëtter Phas. Mä als éischt geet et ëm d'Liewe vum Commerce.''
Direkthëllefe sollen et sinn, d'Parteie si sech also eens. A vläicht wësse si am nächste Gemengerot an enger Woch schonn, ob se dat dierfen.
Hire Secteur ass mat ee vun deenen, deen am meeschten ënnert der Corona-Kris leit. An och nach elo wëssen d'Leit aus dem Nuetsliewen net, wéi et fir si weider wäert goen. Iergendwann wäerte si hir Diere bestëmmt nees kënnen opmaachen. Ma d'Fro ass wéini, a virun allem och wéi?
