Gemengen Diddeleng a BeetebuergWéi leeft d'Verdeelung vun de Masken of?

Jeannot Ries
A Sportshale gëtt gezielt, Kéipercher getässelt, Enveloppe gefëllt. D'Stëmmung erënnert un e Walsonndeg. Den Opwand ass impressionant.
Preparatioune fir d'Maskeverdeelung zu Diddeleng
Vun e Méindeg u ginn d'Masken un d'Awunner aus der Gemeng Diddeleng verdeelt.

Vun der nächster Woch u mussen d'Leit zu Lëtzebuerg a Situatioune wou eng Distanz vun 2 Meter net kann agehale ginn e Mondschutz undoen. Dat gëllt beispillsweis am ëffentlechen Transport a Geschäfter oder och fir Rendez-vouse bei Dokteren. 5 Masken op de Kapp kritt jidderee vu senger Gemeng zur Verfügung gestallt an dës musse sou séier wéi méiglech elo ënnert d'Leit bruecht ginn. An der Gemeng Diddeleng lafen d'Preparatiounen op Héichtouren.

"Mir hunn den Ament 21.400 Awunner. 8.500 Stéit. Dat ass déi Aarbecht déi haut am Detail gemaach gëtt bei der Verpackung", sou den Dan Biancalana, Buergermeeschter vun Diddeleng.

"Mir hunn eng gutt 4.000 Stéit, déi mussen hir Enveloppe kréien. Alles dat wäert iwwer e Méindeg goen. Dat heescht et wäert net all Mënsch seng Masken direkt méindes moies hunn, ma am Laf vum Dag, gi mer dervun aus, datt mer déi ganz Gemeng ofgedeckt hunn", sou de Buergermeeschter vu Beetebuerg, Laurent Zeimet.

''E Kraaft-Akt", sou de Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS am RTL-Interview. Zanter en Donneschdeg de Mëtteg sinn d'Camionen ënnerwee, fir ronn 3,5 Millioune Masken an déi 102 Gemengen aus dem Land ze bréngen. Déi Etapp ass den Owend ofgeschloss.

"Mir hunn en Donneschdeg am Laf vum Nomëtteg vum CGEDIS d'Maske geliwwert krut. Mir hunn eis och en Donneschdeg am Laf vum Dag mat de Gemenge Servicer getraff, fir ze kucken, wéi mer déi Verdeelung am Beschte kënne maachen. Mir hunn de Centre Sportif René Hartmann ausgesicht, fir deen néidegen Trie ze maachen, well ab e Méindeg verdeelt gëtt. Pro Stot. Mir hu 60 Leit vum Gemengepersonal, déi haut am Asaz sinn, fir d'Masken an d'Enveloppen ze verpaken", sou d'Erklärunge vum Dan Biancalana.

E Flyer gëtt hei am Detail Informatiounen. Och wéi d'Mask un- an ausdoen. Parallel preparéieren déi technesch Servicer vun de Gemengen och d'Rentrée op de Schantercher.

"D'technesch Servicer hu Récksprooch mat de verschiddenen Entrepreneure geholl. Mir hunn um Territoire vun der Stad Diddeleng eng ganz Rei Projeten. Souwuel gemenge wéi och staatlech Projeten. Wat d'Projete vun der Gemeng ubelaangt, hu mer d'Réckmeldung krut vun den Entrepreneuren, datt d'Projete kënne weider lafen. Ab e Méindeg", sou de Buergermeeschter vun Diddeleng.

Vun e Méindeg u kënne jo och d'Recycling-Zenteren hir Dieren nees op maachen. Eng Annonce vun der Regierung um Mëttwochowend, aus heiterem Himmel, déi méi wéi eng Gemeng, respektiv Syndikat iwwerrascht huet.

"Mir deelen eise Recycling-Zenter mat anere Gemengen. Mir hunn nogefrot wéi si wäerten erëm opmaachen. Ech mengen net, datt dat elo direkt e Méindeg wäert prett sinn. Do brauchen d'Leit nach e bëssche Gedold, datt jidderee sech kann organiséieren", sou de Laurent Zeimet.

De STEP Diddeleng/Beetebuerg wäert zum Beispill eréischt de 27. Abrëll opgoen.

Offiziellt Schreiwes

Distribution de masques de protection par la Ville de Dudelange- 20 avril 2020 -

Comme l’a annoncé le gouvernement cette semaine, se couvrir la bouche et le nez deviendra un geste obligatoire dès le lundi 20 avril 2020, partout où une distance de sécurité de 2 mètres ne pourra être garantie. Le masque devra donc être porté dans les supermarchés, magasins de bricolage, transports en public, centres de recyclage, bureaux de poste, banques, etc.

C’est pourquoi, dès le lundi 20 avril 2020, chaque ménage de Dudelange disposera de 5 masques par personne. 60 membres du personnel de la Ville de Dudelange se chargent en effet de les distribuer dans les boîtes aux lettres des 8500 ménages (soit 21 400 habitants) de la ville.

Le CGDIS a été chargé de distribuer les masques aux 102 communes du pays.

Il est entendu que si l’on ne dispose pas ou plus de masque, le ministère de la Santé souligne que la protection du visage pourra prendre la forme d’un foulard, d’un masque fabriqué à la maison ou de tout autre tissu.

A noter que toute personne qui n’aurait pas reçu de masques protecteurs dans sa boîte aux lettres peut contacter la Ville de Dudelange (mail : ville@dudelange.lu ou tél. : 51 61 21 – 1).

Le collège des bourgmestre et échevins, Dan Biancalana, bourgmestre Loris Spina, René Manderscheid, Josiane Di Bartolomeo-Ries, Claudia Dall’Agnol, échevins

Back to Top
CIM LOGO