Google DatenzenterWéi steet et a puncto Stroum- a Waasserverbrauch?

RTL Lëtzebuerg
Wat dann den Energieverbrauch ugeet, an do speziell de Stroumverbrauch erklären d’Ministeren, datt si nach keng Informatiounen hunn...

Wéi gesäit et mam Stroum- a Waasserverbrauch fir de Google Datenzenter aus, deen op Biissen kéint kommen? Et ass eng Fro, déi ëmmer nees opgeworf gëtt, an och dës Kéier, op eng parlamentaresch Fro vum ADR Deputéierte Fernand Kartheiser, ginn et nach keng konkret Äntwerte vun de Ministeren Turmes an Dieschbourg. Dat well jo nach guer net sécher ass, ob den amerikaneschen Internetkonzern sech iwwerhaapt zu Lëtzebuerg implantéiert.

Waasserverbrauch Google Datenzenter - Rep. Nadine Gautier

Dofir kéint een och nach guer net soen, wéi d’Waassergestioun um Site zu Biissen soll gereegelt ginn, äntweren den Energieminister Claude Turmes an d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op déi parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser. Dee wollt nämlech wëssen, ob Google eng Waasserreserv fir Killzwecker um Site geplangt hätt.

Donieft wollt den Deputéierten och wëssen, wéi grouss den Impakt vum Waasser wier, wat aus dem Floss geholl gëtt an duerno zeréck an d’Uelzecht fléisse soll. D’Temperature vum Waasser kéinten an d’Luucht goen. Wéi vill misst eng Etüd weisen. Fest steet awer de Maximalwäert vum Waasser am Floss duerf an de Fréijoersméint bis November net iwwert 25 Grad leien. An iwwert den Hierscht a Wanter bei maximal 10 Grad léien. Wa Waasser zeréck geleet gëtt, duerf d’Waassertemperatur net iwwert 3 Grad Celsius leien. Donieft kéinten d’Ministeren de Betrib zu Biissen och stoppen, am Fall wou de Peegel vum Floss ze déif ass.

Wat dann den Energieverbrauch ugeet, an do speziell de Stroumverbrauch erklären d’Ministeren, datt si nach keng Informatiounen hunn, wat genee Google brauch an och net mat wei enger Temperatur den Datenzenter bedriwwe gëtt. Sollt Google och erneierbar Energien produzéieren, soll den Iwwerschoss an d’Netz agespeist ginn.

QP Google Waasserverbrauch

Back to Top
CIM LOGO