Läit dës Zuel bei 1 stécht statistesch gesinn eng krank Persoun eng weider un. Bleift ee bei dësem Wäert sinn ëmmer d’nämmlecht vill Leit krank. Läit een iwwer 1 ginn ëmmer méi Mënschen infizéiert. Ass de Wäert ënner 1 ginn et der ëmmer manner. D’Wëssenschaftler ënnerscheeden tëscht enger zäitofhängeger an der effektiver Reproduktiounszuel. Déi zäitofhängeg hänkt vun der Unzuel vu soziale Kontakter of.
Et huet een en Decalage vun der Zäit vun enger knapper Woch. Well een, dee sech haut ustécht, an der Moyenne 5 Deeg brauch, bis e krank ass. De Paul Wilmes, Spriecher vun der Covid-19 Task-Force:
“Wa mer eis de Verlaf vun der effektiver Reproduktiounszuel hei zu Lëtzebuerg ukucke gesi mer, dat mer am Gaang sinn liicht eropzegoen. Dat kann eppes domat ze dinn hunn, datt mer an d’ Deconfinement gaange sinn.”
D’Reproduktiounszuel wier allerdéngs net dat Eenzegt op dat een en A soll halen. Esou zum Beispill d’Nei-Infektioune pro Dag, esou de Fuerscher.
“Do si mer iwwert déi lescht Woche relativ konstant bliwwen. Wat an engem Sënn net schlecht ass, op der anerer Säit dierf een awer och hoffen, datt mer mol op Deeg géife kommen, wou mer keng nei positiv Fäll hei zu Lëtzebuerg hätten."
Géifen déi Nei-Infektiounen nees méi séier klammen, kéint d’Teststrategie hëllefen, d’Reproduktiounszuel nees ënner 1 ze drécken an esou eng zweet Well ze verhënneren, respektiv ofzeschwächen.
