Aktualitéitsstonn an der ChamberWeiblech Eegenschafte kommen och haut nach a Medezin a Fuerschung ze kuerz

Claude Zeimetz
An enger Aktualitéitsstonn huet d'Chamber sech en Donneschdeg mat der Gesondheet vu Fraen a spezifesche Krankheete bei Frae beschäftegt.
© Envato Lakobchuk

Broscht- a Gebärmutterhalskriibs, Depressiounen nom Accouchement, Endometriose... En Donneschdeg goung et an der Chamber ëm d’Gesondheet a Krankheete vun der Fra am an der Chamber. Queesch duerch d’Parteie gouf bedauert, datt d’Medezin an d’Fuerschung bis haut nach ëmmer ze vill op de Mann axéiert wieren a Fraesujeten deels och mat Tabue behaft sinn.

D’DP-Deputéiert Carole Hartmann, déi d’Aktualitéitsstonn gefrot hat, ass zréckgaange bis Adam an Eva, fir ze developpéieren, datt d’Partikularitéite vun de Frae bis haut nach an der Medezin ignoréiert géifen. De sougenannten “Gender-Datagap” an der Fuerschung wier eng Tatsaach. Frae géifen an der Medikamentefuerschung net genuch mat geduecht an d’Auswierkunge vu Medikamenter op hiren Organismus wieren nach ëmmer net genuch erfuerscht.

D’DP begréisst ausdrécklech, datt d’Klinicke mat zousätzleche Mammographieapparater equipéiert goufen an datt den Alter, fir mam Depistage vum Broschtkriibs unzefänken, op 45 Joer erofgesat gouf. Mä et wier nach ëmmer inakzeptabel, datt et Frae gëtt, déi méintelaang op e Rendez-vous waarden. D’Carole Hartmann huet drun erënnert, datt déi Liberal scho beim Ausschaffe vum Gesetz iwwert de Virage ambulatoire duerfir waren, fir Mammographien aus dem Spidol eraus a Privatdoktesch-Cabineten ze huelen. Zu de selwechte Konditiounen wéi an der Klinik.

Eng Krankheet, an där d’Diagnostik bis haut schwiereg bleift, ass d’Endometriose. D’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding huet hir eegen Erfarungen als Patientin an d’Diskussioun mat erabruecht. Och si hätt laang op eng Diagnos gewaart. Wier laang der Meenung gewiescht, datt et normal wier sou vill Péng ze hunn. Et wier wichteg, datt Betraffener ëffentlech driwwer schwätzen, sou d’LSAP-Politikerin.

Wéi accessibel sinn d’Fraendokteren nach an Zukunft, wann elo schonn deels laang Waardezäite sinn an an den nächste 10 Jore bal d’Hallschent vun de Gynekologen an de Pensiounsalter kommen?, huet déi gréng Djuna Bernard gefrot, déi och no Statistiken iwwer Postpartum-Depressioune gefrot huet. Där gëtt et zu Lëtzebuerg keng. An alle Maternitéë wier den Encadrement vun der Fra no der Schwangerschaft awer e Sujet, sot d’Gesondheetsministesch Martine Deprez. Firwat de Participatiounstaux vum Mammographieprogramm ze lescht erofgaangen ass, dozou konnt si nach keng ofschléissend Äntwert ginn. Et wier een mat enger Analys amgaang.

Ganz vag war d’CSV-Ministesch och nach, wat déi méiglech Auslagerung vu Mammographieapparater a Privatcabinete betrëfft. D’Iwwerleeunge géife lafen. En Zäitkader awer kéint si net ginn. An den Ae vun der Gesondheetsministesch wier et awer sënnvoll, de Gesetzprojet vun den Dokteschgesellschafte parallel unzegoen.

D’Martine Deprez sot en Donneschdeg de Mëtteg nach, datt all Centre hospitalier antëscht zwee Mammographieapparater huet. Een dovunner kéint och direkt Biopsie maachen. Et dierft op kee Fall sinn, datt Fraen, déi e Verdacht op Broschtkriibs hunn, méintelaang op eng Ënnersichung waarde mussen.

Back to Top
CIM LOGO