Awer wéi sou dacks wiere vill Punkte vag, respektiv onkomplett. Bei engem Punkt ass sech awer jiddwereen eens: déi lescht Méint goufen zwar Krise-bedéngt genuch Suen a sozial Mesuren investéiert. A wa keng Steierreform dëst Joer dra gewiescht wier, dann op d’mannst d’Upasse vun der Steiertabell.
Vill Neies wier déi lescht 2 Deeg net op d’Tapéit komm. Déi meescht sozial Mesurë wiere schonn zanter der Tripartite bekannt, esou d’Gewerkschaften. Der OGBL-Presidentin Nora Back hunn awer virun allem Wierder ewéi “Inegalitéiten” an “Aarmut” gefeelt.
“Dat ass bedauerlech an der Situatioun, wou mer grad sinn. Mir sinn ee vun de räichste Länner vun der Welt an trotzdeem hu mer ëmmer méi Inegalitéiten. Datt dat guer net an der Ried zur Lag vun der Natioun erwäänt gëtt, ass bedauerlech. Mir wiere frou, wann hei e puer méi Akzenter op sozial Mesurë gesat gi wieren. [...] Et geet sécherlech op alle Punkte leider net wäit genuch. Beim Bail à loyer, d’Loyerspräisser kënnen awer weider vill ze héich bleiwen. Mir hu keng richteg Mietpräisbrems. Mir hate Propose gemaach, wéi een d’Loyer kéint deckelen an un d’Liewenskäschte upassen. Datt een de Locatairen do entgéint kënnt. Beim Impôt foncier d’selwecht, mir hunn eng Progressivitéit gefuerdert, datt een dee wierklech vill huet, méi bezuele muss, och dat passéiert net.”
Ma och aner Mesuren, déi méi déif an d’Mëttelschicht eraginn. Eng Upassung vun der Steiertabell trotz “Nee” vun der zoustänneger Ministesch gëtt awer fläisseg weider debattéiert. Esou hu sech den OGBL an d’Staatsbeamtegewerkschaft rezent mat der LSAP, respektiv der CSV zesummegesat. Den LCGB sëtzt am nämmlechte Boot.
“Déi Mesuren, déi elo steierlech annoncéiert gi sinn, ewéi de Crédit d’impôt fir d’Monoparentaux an d’Mindestlounbezéier si richteg a ginn an déi richteg Richtung. Allerdéngs hu mer eis eng Steierreform erwaart, déi méi breet an d’Mass vun de Leit geet. Mir hate jo gefrot, fir d’Steiertabell un d’Inflatioun unzepassen, respektiv eng Reform, déi sech net just op 2 Punkte baséiert. Do si mer natierlech net zefridden”, sou den LCGB-President Patrick Dury.
Fir d’CGFP wier d’Mesure fir d’Steierklass 1A och just eng Drëps op de waarme Steen. Den Debat iwwert d’Steiergerechtegkeet misst 2023 weidergefouert ginn, betount de CGFP-President Romain Wolff.
„Et ka keen engem soen, wat déi nächst 2-3 Méint geschitt. Ech ginn awer emol dovun aus, datt d’nächst Joer weider an dës Richtung misst geschafft ginn.”
Op déi geplangte Mesuren am Beräich Logement, wéi beispillsweis d’Reform vun der Grondsteier, wierklech ee positiven Effekt op de Marché wäerten hunn, misst sech weisen. Optimistesch weist sech de CGFP-President Romain Wolff dogéint mat Bléck op dem Premier seng Annonce, datt de Staat bei der Digitaliséierung virausgoe wéilt.
“Wéi d’Pandemie ausgebrach ass, huet ee gemierkt, datt natierlech vun engem Dag op deen aneren am Teletravail geschafft ginn ass. A wann ee vun Teletravail schwätzt, muss deen anere Volet, d’Digitaliséierung och klappen. Ech mengen, do ass eng gutt Aarbecht geleescht ginn. Et huet ee sech och ganz séier ëmgestallt an dat huet funktionéiert.”
Déi 3 Gewerkschafte rechnen domat, datt d’Tripartite vum September net déi leschte Kéier war, datt sech d’Regierung ewéi d’Sozialpartner virun de Wale musse gesinn.