
“De Summer war vill ze waarm, vill ze sonneg an extrem dréchen.” Esou huet déi sozialistesch Deputéiert Cecile Hemmen de Bilan vu MeteoLux resuméiert a si huet drop higewisen, datt ee sech de Wëssenschaftler no muss drop astellen, datt et all Joer nei Rekorder vu Wiederextremer gëtt.
Dat huet net just direkt Auswierkungen op d’Ëmwelt, mä och op d’Gesondheet vum Mënsch. Dorops huet den CSV-Deputéierte Paul Galles higewisen.
“De Service épidémiologique et statistique vun der Direction de la santé mécht Statistiken, fir ze kucken, wéi d’Stierflechkeet wärend dem Summer ass an et gëtt op d’mannst de Verdacht, wann ee Covid - berengegt de Stierflechkeetstaux kuckt, datt et eng Iwwerstierflechkeet gëtt opgrond vun der Hëtzt.”
D’Cecile Hemmen huet geäntwert, datt d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert eng parlamentaresch Fro um Dësch leien hätt, déi sech grad domadder beschäftegt. Dodra géife Froen iwwert d’Mortalitéit, d’Surmortalitéit, d’Malaisen an d’Urgencen am Zesummenhang mat der Canicule gestalt.