
Wéi ass d'politesch Neutralitéit vun deem Message garantéiert, wann a leschter Instanz Regierungsmemberen iwwert de Wuertlaut decidéieren?
Dës an aner Froe stellt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro un de Staatsminister, deem seng Äntwert ass kloer.
Effektiv gëtt de Message vum Grand-Duc, deen op Hellegowend diffuséiert gëtt, vum Staatschef an den zoustännege Servicer am Palais preparéiert. Duerno da kritt de Staatsminister dee Message matgedeelt, sou datt hien d'Méiglechkeet huet, dorop ze reagéieren an deen in fine ze autoriséieren.
De Premier erënnert drun, datt der Verfassung no d'Persoun vum Groussherzog "inviolable" ass, sou datt dëst déi komplett politesch, wéi och strofrechtlech Irresponsablitéit implizéiert. "En essence" grad wéi "en droit" sinn d'Akte vum Staatschef also onpolitesch.
Dem Artikel 45 vun der Verfassung no ënnerleien d'Akten vum Staatschef der Responsabilitéit vun der Regierung, dat gëllt also fir all ëffentlechen Optrëtt vum Grand-Duc, also och fir de Message, dee fir Chrëschtdag diffuséiert gëtt. Dat selwecht gëllt fir d'Ried während der offizieller Zeremonie op Nationalfeierdag, déi jo Deel vun engem offiziellen Akt ass.
Weider präziséiert de Premier a senger Äntwert, datt hien net an de Kär vun de Messagen, déi de Staatschef wëll virdroen, agräift, mee sech just op Suggestioune limitéiert. Dës wieren also reng redaktionnell an net inhaltlech.
Dat gëllt natierlech ëmmer am Kontext vum Kader, deen d'Verfassung fir de Staatschef virgesäit.
Duerch keng vun den Aussoen, déi de Grand-Duc zum Beispill am Message op Hellegowend gemaach huet, gesäit de Staatsminister d'Funktioun vum Staatschef a Fro gestallt - heizou heescht et an der Verfassung, datt de Staatschef Symbol fir d'Eenheet vum Land ass.
An nach emol, fir kloer ze sinn, präziséiert de Staatsminister, datt et sech ëm Messagë vum Staatschef handelt an net vun der Regierung. Och wann de Message ënnert der Responsabilitéit vun der Regierung géif iwwerbruecht ginn, sou géif dëst net heeschen, datt dee Message och d'Meenung vun der Regierung géif erëmspigelen.