Experte vum ListWiederextremer ginn Normalitéit

Pierre Weimerskirch
De Phenomen vum Staarkreen, wéi mer en de leschte Weekend erlieft hunn, wäert an Zukunft méi heefeg virkommen.
Wiederextremer ginn Normalitéit
De Phenomen vum Staarkreen, wéi mer e leschte Weekend erlieft hunn, wäert an Zukunft méi heefeg virkommen, soen d'Experte vum List a vum Waasserwirtschaftsamt.

Dovu ginn op alle Fall d'Experte vum List a vum Waasserwirtschaftsamt aus. Et misst ee sech op ee mediterraant Klima hei am Land astellen, wat dann och mat sech bréngt, datt et méi heefeg zu Iwwerschwemmungen am Summer kënnt.

D'Waasserwirtschaftsamt huet iwwert eng Simulatioun eng Kaart erstallt, wou ee gesäit, wou méi kritesch Plaze sinn. Enn vum Mount gëtt den neien Héichwaasserrisiko-Management-Plang presentéiert, wou och am Detail d'Analys iwwert d'Virfäll vun de leschten Deeg presentéiert gëtt, esou de Luc Zwank, Vizedirekter vum Waasserwirtschaftsamt.

D'Kaarte fënnt een um Geoportail, et ass eng Informatioun fir d'Bierger a soll och Gemenge sensibiliséieren, esou zum Beispill bei neie Bauprojeten.

Well den extreme Reen méi heefeg virkënnt, ass et och eppes, woumat sech d'Fuerscher zu Lëtzebuerg befaassen. Prouwe vu Steebrécke gi beim List analyséiert, fir ze verstoen, wat zu Reckeng op der Mess geschitt ass, esou de Laurent Pfister Hydrolog beim List.

Back to Top
CIM LOGO