Invité vun der Redaktioun (30. Januar) - Camille Gira"Wierder an de Mond geluecht, déi mir net esou gesot hunn"

RTL Lëtzebuerg
Invité en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de Staatssekretär am Ëmweltministère.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Camille Gira
Invité en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de Staatssekretär am Ëmweltministère.

"Den Här Combes leet eis Wierder an de Mond, déi mir net esou gesot hunn", esou kommentéiert de Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira. Hie war um Dënschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun. Et geet ëm déi zum Deel ënnerschiddlech Vuë vun zwéi Co-Auteure vun enger franséischer Etüd iwwert de Fuussebandwuerm, dee beim Mënsch zwar ganz rar ass, ma fir dësen awer ka geféierlech ginn.

Kee vun den zwee Auteure géing iwwerdeems déi zwou Haaptconclusiounen a Fro stellen, nämlech déi, datt mat enger intensiver Juegd d'Zuel vun de Fiiss net reduzéiert gëtt an déi, datt mat enger intensiver Juegd d'Zuel vun de Fussebandwierm net eropgeet.

Un d'Populatioun ass et den Appell, sech sou gutt et geet, virum Fuussebandwuerm ze schützen, zum Beispill sollt een d'Hänn wäschen, wann ee virdrun am Gaart geschafft huet.

Et wier iwwregens net esou, datt d'Fiiss méi no bei d'Leit kommen ewéi fréier.

D'Verlängerung vum Juegd-Verbuet ëm ee Joer ass schonn decidéiert, dat groussherzoglecht Reglement ass den Ament beim Staatsrot.

An 8 Méint si Chamberwahlen. De Camille Gira geet nach eemol fir "Déi Gréng" mat. Am léifste géing hien op sengem aktuelle Poste weiderfueren, hie fillt sech do wuel "wéi e Fësch am Waasser", och an der 3er Koalitioun hätt hie sech wuel gefillt, esou de Staatssekretär.

Invité en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de Staatssekretär am Ëmweltministère.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO