
Eng Stroumpann ka ganz ënnerschiddlech Ursaachen hunn. Mol kann d’Wieder eng Roll spillen oder zum Beispill e Feeler am Kabel. Sou dacks, wéi een dat heiansdo mengt, kënnt et zu Lëtzebuerg awer net zu Stroumausfäll. Am Allgemenge läit Lëtzebuerg am europäesche Verglach ënnert de Beschte, wat d’Ausfallstatistik ugeet, sou de Marc Meyer vu Creos.
2022 koum et 59 Mol zu enger Stroumpann, 2020 waren et 68 Fäll. Am Joer 2021 war d’Zuel mat 88 Stroumpannen méi héich, dat hat awer mat de villen Iwwerschwemmungen an deem Summer ze dinn. “Et gëtt keen Trend, deen eng Croissance vun de Pannen iwwert déi lescht Jore géif weisen”, erkläert de Marc Meyer.
D’Grënn fir Stroumausfäll si ganz verschidden. Se ginn awer an 3 Haaptkategorie gesammelt.
Verschëldung duerch Drëtter
Heimat sinn zum Beispill Virfäll gemengt, wou e Bagger Schued un den ënnerierdesche Mëttelspannungskabele mécht. E Bam, deen an eng Fräileitung fält oder dës beréiert, gëtt awer och an dës Kategorie klasséiert.
Atmosphäresch Konditiounen (Wieder)
Hei kënnt de Problem grondsätzlech ëmmer vun der Fräileitung.
Material
De Probleem kënnt meeschtens vun den ënnerierdesche Kabelverbindungen. Och e Feeler un engem Kabel kann eng Pann verursaachen. Heiansdo ass zum Beispill d’Isolatioun vum Kabel beschiedegt. Dat kann duerch Bauaarbechten entstoen.
Probleemer mam Material a Beschiedegunge sinn déi heefegst Ursaach fir Stroumausfäll zu Lëtzebuerg
An der Stad geet d’Luucht méi dacks aus, wéi an anere Regiounen. Dat läit drun, dass d’Stad dicht bevëlkert ass a vill gebaut gëtt. Hei kënnt et dann ëmmer rëm zu Schied un den ënnerierdesche Leitungen duerch d’Bauaarbechten. Am Norde vum Land kënnt et dann e bësse méi dacks zu Ausfäll wéi am Süde vum Land. Hei kënnt de Probleem meeschtens vun de Mëttelspannungsleitungen.
D’Differenz tëscht dem Norden an dem Süde vum Land ass awer ganz geréng a changéiert vu Joer zu Joer, sou de Marc Meyer vu Creos.
Wéi laang e Stroumausfäll dauert ass vu verschiddene Facteuren ofhängeg. Beim gréissere Stroumausfall am Norde vum Land de Mëttwoch hate jo eng Partie Gebidder schonn no 2 Minutte rëm Stroum. Et ginn awer Pannen, déi réischt no Stonne behuewe sinn.
Dat ass ofhängeg dovun:
Distanz an d’Accessibilitéit spillen also bei all Pann eng wichteg Roll. Sou kënnen d’Wiederkonditiounen um Terrain och bewierken, dass d’Behiewung vun engem Feeler méi laang dauert.
Fir déi Betraffe vun der Stroumpann gëllt also: Ofwaarden, gedëlleg sinn an am beschten ëmmer e puer Käerzen oder Täscheluuchten doheem hunn.