Table Ronde Wunnkooperativen – e Puzzlestéck am Kampf géint d’Logementskris?

Dany Rasqué
Wunnkooperativen hunn zu Lëtzebuerg keng Traditioun, ma se kéinten e weidert Element sinn am Kampf géint d'Logementskris.
Symbolfoto.
© Didier Weber

Esou kann een eng Table Ronde op der Uni Lëtzebuerg resuméieren. Et ass eng Initiativ, déi ënnert anerem vun der Paulette Lenert un d’Rulle bruecht gouf. D’LSAP-Deputéiert gehéiert zu de grousse Frënn vun dëser Wunnform.

Wunnkooperativen zu Lëtzebuerg / Rep. Dany Rasqué

Bei enger Wunnkooperativ fält de Wonsch ewech, Profit aus Immobilien ze zéien, egal ob verkaaft oder verlount gëtt. De Prinzip ass einfach: et keeft ee Parten an enger Kooperativ an et huet een op Liewenszäit e Wunnrecht an enger Wunneng vun där Kooperativ. Et bezilt een e Loyer, mä deen ass méi bëlleg wéi um fräie Maart, well e just muss d’Käschten decken. Et ass e Prinzip, deen zu Lëtzebuerg manner bekannt ass, ma wann de politesche Wëllen do ass, seet d’LSAP Deputéiert Paulette Lenert, fënnt een am Ausland genuch Beispiller...

”...wou een dat kann duerstellen an och illustréieren, dass do d’Loyeren net esou an d’Luucht ginn, wéi anerwäerts. Dass et méi Stabilitéit gëtt, méi Satisfaktioun, dass d’Leit hirer Kooperativ trei bleiwen och an ënnerschiddleche Liewenssituatiounen, well wann ee Member an enger Kooperativ ass, huet ee jo net onbedéngt d’Recht op eng bestëmmten Unitéit, mä et huet een e Recht ze wunnen an deem Ganzen an do gëtt et ganz flott Modeller, wou ee jee no Liewenssituatioun dat richtegt fir sech ëmmer erëm fënnt, ouni mussen op de private Marché ze goen.”

Ëmmer méi Stied entdecken d’Wunnkooperativen, seet d’Paulette Lenert, an nennt zum Beispill Amsterdam oder München. Den DP-Logementsminister Claude Meisch ass dovunner iwwerzeegt, datt d’Kooperativen en Deel vun der Léisung kënne sinn, ee Puzzelstéck am Kampf géint d’Logementskris. Well déi Form ze wunnen awer zu Lëtzebuerg keng Traditioun huet, gëllt et de Leit se méi nozebréngen.

“Ech denken, datt mer gutt Beispiller brauchen, datt déi éischt Projeten och esou mussen encadréiert sinn, datt se reusséieren an datt mer da lues a lues gesinn, datt dat do och e Wee ka sinn, wéi ee wëll wunnen, wéi ee sech eng Wunneng wëll schafen a wéi ee wëll liewen, och mat anere Mënschen zesummen. Dat muss net de Modell si fir jiddereen dono, mä dat kann awer e Modell si fir en Deel vun der Populatioun a mir gesi jo och, datt eis Bevëlkerung ännert. Et komme Mënsche bei, déi aus Länner kommen, wou d’Kooperativen éischter d’Reegel sinn a si kënnen déi Kultur ganz gär mat op Lëtzebuerg bréngen.”

Och wa Wunnkooperativen eppes méi Neies sinn, ass de Modell awer bekannt zu Lëtzebuerg. D’Raiffeisen ass ee Beispill an hirem President vum Verwaltungsrot dem Guy Hoffmann gefält d’Iddi vun de Wunnkooperativen och. Fir eng Bank gëtt et Ënnerscheeder, wa se e Prêt accordéiert.

“Den Ënnerscheed géing dodra bestoen, datt een net méi de Client individuell als Debiteur huet, mee am Fong geholl d’Communautéit vun de Clienten, d’Gesellschaft där een d’Sue geléint huet. Dat ass bëssen eng aner Lecture vun den Texter. Haut, wann een e Logement finanzéiert, dann huet ee jo eng Persoun, eng Famill do hannendrun, an hei huet een elo op eemol eng Gesellschaft hannendrun, wou déi Famillen hannendru stinn. Do muss een sech eng Kéier zesummesetze mam Regulateur fir ze kucken, wéi dat géif gehandhaabt ginn, mä do sinn ech awer relativ zouversiichtlech, well am Endeffekt mengen ech, dass de Kreditrisiko bei enger Kooperativ méi kleng ass, wéi wann een déi eenzel Leit zesummen hëlt.”

Mat an der Ronn souz och den Antoine Paccoud, dee Fuerscher beim Liser ass. Och hie gesäit eng Kooperativ als Puzzelstéck. Hien ënnersträicht awer, datt een aner Moossnamen net dierf vergiessen. Eng Kooperativ wier sécher keen Ersatz fir abordabele Wunnraum, dee vun der ëffentlecher Hand muss geschaaft ginn.

Back to Top
CIM LOGO