Patientevertriedung kritiséiertZe héich Präisser an e Manktem un Hygiène an Ambulanz-Taxien

RTL Lëtzebuerg
D'Patientevertriedung mellt sech op en Neits a Saachen Ambulanz-Taxien zu Wuert, Taxien deenen hir Tariffer dacks extrem héich wieren...
Umierkung: Dës Karikatur gouf mam Communiqué vun der Patientevertriedung matgeschéckt.
Umierkung: Dës Karikatur gouf mam Communiqué vun der Patientevertriedung matgeschéckt.
© Carlo Schneider/Patientevertriedung

Nieft der onduerchsiichteger Präispolitik géifen och ëmmer nees Leit sech bei der Patientevertriedung iwwer e Manktem un Hygiène an den Ambulanz-Taxi an d'Standarde vun de Gefierer beschwéieren.

Vun engem qualitativ héichwäertege Service kéint keng Rieds goen, heescht et en Donneschdeg an engem Communiqué. D'Patientevertriedung fuerdert et missten sou wéi méiglech Qualitéitsstandarde festgeluecht ginn, fir den Equipement vum Auto an d'Formatioun vum Chauffer. Donieft missten d'Ambulanz-Taxien och méi kontrolléiert ginn an et misst eng Plaz geschafe ginn wou Leit reklaméiere kéinten.

Eng aner Fuerderung betrëfft d'Präisser. Hei wënscht sech d'Patientevertriedung eng transparent Tarifpolitik. Et missten eenheetlech a contraignant Tariffer an enger Konventioun mat der CNS festgeluecht ginn.

Umierkung: Dës Karikatur gouf mam Communiqué vun der Patientevertriedung matgeschéckt.
Umierkung: Dës Karikatur gouf mam Communiqué vun der Patientevertriedung matgeschéckt.
© Carlo Schneider/Patientevertriedung

Hei den offizielle Communiqué vun der Patientevertriedung

Back to Top
CIM LOGO