VIDEO: SyvicolZefridde mam Regierungsprogramm, Fuerderung no méi Autonomie bleift

Pierre Jans
De Gemengesyndikat Syvicol weist sech frou mam Regierungsprogramm vun der neier Regierung.
Syvicol weist sech frou mam Regierungsprogramm
Zefridde mam Regierungsprogramm, Fuerderung no méi Autonomie bleift.

Dat war e Méindeg de Moien op der Reunioun vum Syvicol erauszehéieren. Zwar géif et a ville Punkten nach oppe Froen, an och d'Fuerderung no méi Autonomie bleift bestoen, esou de President Emile Eicher. Ënnert anerem gëtt och en neit Gemengegesetz gefuerdert.

Den Emil Eicher vum Syvicol

Dobäi kënnt, dass ee bei den Diskussiounen an de Gemenge misst systematesch consultéiert ginn. Dat wéilt een iwwert d'Gesetz oder eng Konventioun gär sou gereegelt hunn. Sou géif ee sécher goen, dass och op ministerieller Basis de Syvicol misst consultéiert ginn.

Op der anerer Säit hätten d'Gemenge gär méi Ënnerstëtzung a Saache Logement. Fir de Manktem u Wunnengen an de Grëff ze kréien, hëlt d'Regierung d'Gemenge jo gär méi an d'Responsabilitéit. Fir vill méi kleng Gemenge wär d'Gestioun vun esou Projeten awer immens schwéier, esou den Emile Eicher nach.

Back to Top
CIM LOGO