Wärend d’Regierung dovunner schwätzt, fir d’Ouvertureszäiten am Commerce ze liberaliséieren, esou datt ee moies éischter kann opmaachen oder owes méi laang kann ophunn an och sonndes méi duerf geschafft ginn, stelle vill Elteren aus deem Secteur sech d’Fro, wat se mat hire Kanner solle maachen, wa se an Zukunft vläicht eréischt um 22 Auer Feierowend hunn.
Besonnesch fir Mammen oder Pappen, déi hir Kanner eleng erzéien, ass dat eng kriddeleg Situatioun.
Op d’mannst déi kleng Crèchë kënnen do warscheinlech net hëllefen. Si hunn zwar d’Méiglechkeet, tëschent moies 5 an owes 23 Auer opzehunn, mä et sinn der net vill déi dee Service 18 Stonnen den Dag ubidden.
Et ass net intressant genuch, seet de Paolo Fiorucci, de Vizepresident vun der Crèchëfederatioun (FELSEA). De Käschtepunkt wier ze héich an et wier och ganz schwéier Leit ze fannen, déi zu deene méi aussergewéinlechen Auerzäite wéilte schaffen. Wann et elo fir owes méi eng grouss Demande géif ginn, wéinst der Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten, kéint net jiddereen do mathalen.
“Wann ech dat elo als eenzel Crèche géif kucken, géif ech mengen, datt et net realistesch ass, datt ech do méi laang opmaachen. De Käschtepunkt, fir déi puer Kanner, ëm déi et sech géif handelen, wier einfach ze héich. A wann d’Elteren dat missten droen, kéinte se dat deen Ament einfach net. Wann ech elo e Grupp sinn, dee verschidde Crèchen huet, kann ech mer vläicht virstellen, dass déi eng oder déi aner Crèche deen Horaire élargi géif ubidden. Deen Ament kéinten d’Eltere vläicht méi an déi Crèchë guidéiert ginn.”
D’Héloïse Pierre ass Direktesch vun engem Grupp Crèchen a Foyeren. Hir éischt Struktur huet si virun 13 Joer zu Féiz opgemaach an hir war et wichteg, vun Ufank un e ganz flexibelen Horaire unzebidden, fir den Elteren entgéintzekommen. Si huet nämlech de Problem verstanen, koum selwer aus der Belsch op Lëtzebuerg a konnt net vun der Famill gehollef kréien. Si stellt fest, datt et fir d’Eltere berouegend ass, ze wëssen, datt hir Kanner méi laang an der Struktur kënne bleiwen, wann et muss sinn.
“Zu Lëtzebuerg gëtt et enorm vill Stau an dann hu schonn dacks verzweiwelt Elteren ugeruff, déi soten, si géifen am Stau stoen an da kann een hinnen äntweren: “Kee Stress, mir sinn do. Solle mer ärem Kand eppes ze iesse ginn? Him schonn de Pyjama undinn?”
Am Dezember d’lescht Joer ware 4 Prozent vun de Kanner op d’mannst ee Mol an der Woch an enger Crèche no 19 Auer owes ageschriwwen. Et waren awer 16 Prozent, déi scho moies viru 7 Auer ageschriwwe waren. D’Héloïse Pierre schwätzt vun engem neie Phänomen, deen hir virun allem an der Struktur zu Leideleng opfält.
“Mat där faméiser Work-Life-Balance hu mer vill Leit, déi op engem Büro schaffen, Fonctionnairen, déi vill méi fréi kommen, fir och vill méi fréi hir Kanner erëm ofzehuelen. Meeschtens sinn dat Frontalieren. Si kënnen op déi Manéier verhënneren, datt se moies an owes am Stau stinn. Ech fannen dat ass en neie Phänomeen, deen zimmlech intressant ass.”
Dacks gëtt gemengt, datt d’Leit, déi no méi flexibelen Ouvertureszäite vu Crèchë sichen, am Gesondheetssecteur schaffen, dat stëmmt, mä et ginn och nach aner Beräicher. D’Héloïse Pierre seet, et wieren och vill Leit, déi am Botzsecteur géife schaffen, op der Post oder an enger Kantin, déi sech zum Beispill ëm d’Iesse fir d’Kanner an de Crèche këmmert.
Sonndes sinn d’Crèchen iwweregens all zou. De leschten Dezember waren 10 Crèchen oder Mini-Crèchë samschdes op. 38 Prozent vun den Dageselteren hu samschdes en Accueil ugebueden, sonndes waren et 10 Prozent.