
Hir Missioun ass et, méiglech Mëssbrauchsfäll an organisatoresch Dysfonctionnementer bei der Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf an den nächsten 12 Méint ze dokumentéieren. Um Mëttwoch gouf een Zeienopruff lancéiert. An dat genee een Dag, ier d’Edukatiounskommissioun vun der Chamber sech um Donneschdeg de Moien op Demande vun der LSAP mam Fall befaasst.
Jiddereen, deen an der Vergaangenheet eppes Verdächteges an Uecht geholl huet, ass gebiede sech ze mellen, heescht et am Schreiwes. Ob fréier respektiv aktuell Beneficiairen, Persounen aus hirem Ëmfeld, Zeien oder fréier/aktuell Mataarbechter, d’Kommissioun zielt op hir Hëllef. A sief et och nëmme mat partiellen Informatiounen. Hannergrond si Mëssbrauchsreprochë géint e fréieren Direkter, deen 30 Joer laang d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf geleet huet. Den Onlinemagazin Reporter hat am Oktober als éischt doriwwer bericht.
D’Expertekommissioun versprécht e securiséierte Kader an huet net nëmmen eng extra Internetsäit www.comind.lu ageriicht, mä och eng Email-Adress (contact @comind.lu), grad wéi eng Telefonshotline.
Am Schreiwes gëtt een och gewuer, aus wiem sech déi onofhängeg Expertekommissioun zesummesetzt. Et si 4 Leit, déi kee Lien mat der Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf hätten.
Ugefaange mam fréiere Procureur Robert Biever, dee virun 11 Joer an d’Pensioun gaange war.
Donieft goufe gefrot d’Affekotin Claudine Erpelding, den Alain Massen, Psychotherapeut a bis viru kuerzem President vun der nationaler Elterevertriedung an de Kannerdokter Roland Seligmann.
Déi 4 Leit sollen um Enn vun hirer Missioun e Rapport un de Verwaltungsrot vun der Fondatioun maachen a Recommandatioune ginn, wéi een änlech Situatiounen an Zukunft verhënnere kéint.