
Tëscht 2018 an 2021 sinn dës Fäll ëm bal d’Hallschent an d’Luucht gaangen.
Der Police no goufen et 2018 347 Fäll vu vermësste Mannerjäregen, zejoert waren et der 512.
Preziséiert gëtt, datt dës Zuele “Fäll vu Vermëssten” sinn an net eenzel Persounen. Wann also zum Beispill aus engem Foyer e puer Mannerjäreger vermësst ginn, gëtt dëst als eng (1) Affär bei der Police saiséiert.
Ënnert d’Vermësstemeldunge falen och Jonker, déi sech duerch d’Bascht maachen, also vun Doheem oder engem Foyer fortlafen.
Leider kann d’Police kee Lien maachen tëscht den Nouvellë vu vermësste Jonken an de Persounen, déi effektiv erëmfonnt ginn.
Och iwwert d’Grënn, firwat Mannerjäreger verschwannen, féiert d’Police keng offiziell Statistiken.
Dat äntwert de Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Arendt.