175. Gebuertsdag vu LandewyckZigarette mëttlerweil made in Ierpeldeng

RTL Lëtzebuerg
Am Joer 1847 gouf d'Tabakfabrik Heintz van Landewyck gegrënnt. No Hollerech an Ettelbréck huet een elo déi ganz Fabrik op de Fridhaff geplënnert.
Zigarette made in Ierpeldeng
De Lëtzebuerger Zigaretteproduzent Heintz van Landewyck feiert 175 Joer an huet a seng nei Fabrik op de Fridhaff invitéiert.

175 Joer Heintz van Landewyck / Reportage François Aulner

Op engem Terrain vun 62.000 Metercarré an 33.000 Metercarré Raimlechkeeten huet sech de Lëtzebuerger Zigaretteproduzent néiergelooss. Dat mat knapp 310 Mataarbechter, déi sech och un déi nei Technologie gewinne mussen.

“Et ass evident, dass wann een d’Méiglechkeet huet, am 21. Joerhonnert eng nei Fabrick ze bauen, et eis erméiglecht huet, a ville Saachen um neiste Stand ze sinn. Zemools am Aspekt vun der Digitalisatioun. Dat gëllt fir d’Produktioun, wéi och fir all aner Utillen, déi mir fir d’Zukunft brauchen. Dat war eng vun de grousse Verännerungen. Wie Jo zu “nei” seet, seet och jo zu enger iwwerschaffter Betribskultur”, sou de Jan Vandenneucker, Generaldirekter vu Landewyck.

Ganz nei ass dann zum Beispill den automatiséierte Stock, wou bis zu 12.000 Palette vu Réimaterial bis hin zum fäerdege Produit innerhalb vun engem kuerze Moment bei Hand sinn. Ronn 7 Milliarden Zigarette ginn hei all Joer produzéiert.

“Mir sinn a ronn 40 Länner present. Et gi Länner do geet et gutt, an anere geet et manner gutt. Et gi Länner vu mir an de Marché eraklammen, et gi Länner wou mir erausklammen. Also musse mir den Equiliber fannen, um Niveau vun der Fabrick ze versichen, dës Quantitéite bäizebehalen”, erkläert de Jan Vandenneucker weider.

Et kéint ee bis zu 12 Milliarden Zigaretten d’Joer produzéieren. Ma d’Demande wier den Ament awer net do. Et géing een nämlech mierken, dass besonnesch an den europäesche Länner ëmmer manner gefëmmt gëtt. Et ass jo och gewosst, dass Zigarette schlecht fir d’Gesondheet sinn. Dat wier awer kee Grond dës Fabrick ze verdäiwelen, fënnt de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

“Et gëtt natierlech eng ganz Rei aner Produiten, déi net gutt si fir d’Gesondheet an nawell produzéiert ginn. Dat och zu Lëtzebuerg. Den Alkohol ass net gutt fir d’Gesondheet, Zocker ass net gutt fir d’Gesondheet. Et geet drëms, dat responsabel ze konsuméieren. Dofir gi jo och vill Campagnë gemaach, fir ze sensibiliséieren op de Risiko vum Fëmmen.”

De Genoss gehéiert eben zum Liewen dozou, do kéint een och heiansdo eng Zigarette fëmmen, sou de Wirtschaftsminister am Schmunzelen.

Op Fëmmert oder net, wien dann elo interesséiert ass wéi sou Zigarette produzéiert ginn, ka sech déi nei Fabrick um Fridhaff e Samschdeg vun 11 bis 18 Auer ukucke goen.

Back to Top
CIM LOGO