No heftegem WanterabrochZu Esch goufen 1.500 Wanterkleeder fir Mënschen a Nout verdeelt

Christophe Hochard
De Wanterabroch zu Lëtzebuerg an der Woch vum 15. Januar mat Äis a Schnéi war kuerz awer hefteg...

Virun allem da brauche Leit, déi sech finanziell net sou gutt stinn oder op der Strooss liewen, d’Hëllef vu Matmënschen. D’Josiane Schoder, vu Beruff Infirmière, ass esou eng Persoun. Si sammelt dacks Wantergezei fir dëst u Mënschen a Nout ze verdeelen.

Wärend ronn 6 Wochen huet déi sozial, ganz engagéiert Fra nees Wantergezei gesammelt. E Sonndeg 21.Januar goufen 1500 Kleedungsstécker zu Esch an der Uelzechtstrooss virun engem Coiffersalon verdeelt. Gratis. Vu Mäntel, iwwer Schalen.

En Escher Geschäftsmann huet seng Entrée vu sengem Salon zur Verfügung gestallt, fir do d’Gezei op engem Garderobe-Stänner opzehänken. Virop Mäntel fir Kanner, Fraen a Männer gounge fort wei Zitz.

A nëmmen e puer Stonne waren déi ganz Kleeder ënnert d’Leit bruet.

Back to Top
CIM LOGO