No Kierperverletzung geflüchtZu Esch huet e Mann e Vëlosfuerer mat enger Eisestaang ugegraff

RTL Lëtzebuerg
Eng méi lass war e Samschdeg den Owend géint 18.45 Auer zu Esch, wou e Vëlosfuerer d'Roserei vun engem Automobilist ze spiere krut.
© RTL

D’Police krut géint 18.45 Auer gemellt, dass e Cyclist an der rue Burgoard zu Esch mat enger Eisestaang ugegraff gouf. Dobäi wier e Mann aus engem Auto gesprongen an hätt mat der Staang op e Vëlosfuerer geschoss, deen dobäi um Schëllerblat getraff gouf.

Den Täter ass duerno a Richtung Frankräich geflücht. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO